D'Sandale vu Birkenstock si keng Konscht

D'Urteel vum Bundesgeriichtshaff ass formell. Birkenstock-Sandale si keng Konscht, d'Konkurrente mat änleche Produiten dierfe weider hir Schong verkafen.
Et geet ëm véier Modeller: dräi Sandalen an ee Clog. D'Entreprisen Tchibo, Bestseller a shoe.com hunn änlech Schong an hirer Offer. Birkenstock wollt, datt dës Konkurrenzproduiten net méi dierfe verkaf ginn, ma souguer zréckgezunn a vernicht ginn.
Et hat ee sech dobäi dorop beruff, datt Wierker vun applizéierter Konscht bis zu 70 Joer nom Doud vun hirem Erfinder geschützt sinn. De Schutz vun engem Design geet awer nëmme 25 Joer zréck.
De Karl Birkenstock hat seng Sandalen an de 60er Joren erfonnt, haut gehéiert d'Mark dem franséische Luxusproduit-Konzern LVMH.
De Bundesgeriichtshaff huet awer d'Urteel vun engem Geriicht zu Köln aus dem Januar 2024 confirméiert: Wa beim Schafe vun engem Wierk technesch Contrainten zum Spille kommen, wier ee fräit a kreatiivt Wierk net méiglech.
Soumat kënnen dës Gesondheetssandalen zwar ee Klassiker vum Design sinn, ma net ee Wierk vun applizéierter Konscht.
