"Quasi all Ersatzdeeler op Stock, fir d'Maschinnen nuets kënnen ze flécken"
Dat erkläert eis den Olivier Flaurimont, dee mir besiche waren. D'Produktioun muss nämlech assuréiert ginn, fir datt d'Camione mat Zäiten erauskommen.
Gëtt et ee Probleem mat enger Maschinn, kommen den Olivier Flaurimont an den Ilija Novcic bei der Provençale an den Asaz. Zesumme mat weideren 150 Leit si si zoustänneg fir den techneschen a mechanesche Support am Betrib. Kuerz: si depanéieren.
Ma virun allem an der Nuecht leeft d’Produktioun bei der Provençale op Héichtouren. Méi wéi 500 Tonne Wuere ginn dann all Dag a ronn 200 Camione gelueden an uechter d’Land, sou wéi an der Grenzregioun ausgeliwwert.
Een RTL-Team huet zwee Mataarbechter eng Nuecht laang am grousse Familljebetrib zu Leideleng begleet.
Weider Episode vun der Serie "Nuetsschicht" hei.