Fir net manner wéi 1,25 Milliarden Dollar wiesselt Versace de Besëtzer a geet iwwer an de Prada-Grupp.

De Mailänner Konzern huet en Donneschdeg vun enger "definitiver Eenegung" mam aktuelle Proprietär vun der Mark Versace, dem US-Konzern Capri Holdings geschwat. De Kafpräis läit deemno bei 1,25 Milliarden Euro (1,38 Milliarden Dollar).

"Mir freeën eis, Versace an der Prada-Grupp wëllkomm ze heeschen", huet de Konzernchef Patrizio Bertelli erkläert.

Capri Holdings hat Versace 2018 fir 1,83 Milliarden Euro (deemools 2,1 Milliarden Dollar) iwwerholl. D'Moudehaus war deemools zu 80 Prozent am Besëtz vun der Grënnerfamill, en Undeel vun 20 Prozent huet dem US-Fonds Blackrock gehéiert. Well et wéinst der Kris um Marché vun de Luxusartikelen a rezent den Erhéijunge vun den US-Taxen ugeschloe war, huet den US-Konzern elo zolidd Abousse missen akzeptéieren.

D'"Financial Times" bericht, dass Prada a Capri ursprénglech e Kafpräis vun 1,6 Milliarden Dollar ugepeilt hätten, dësen an de leschten Deeg an och wéinst dem Chaos op de Mäert wéinst der US-Handelspolitik awer nach erof gehandelt gi wier.

Duerch den Zesummeschloss vun den zwou legendäre Marke entsteet en italieenesche Luxuskonzern mat engem Ëmsaz vu méi wéi sechs Milliarden Euro, dee sech ëmmer méi mat de franséische Gréisste wéi LVMH a Kering ka moosse loossen. An de leschte Jore waren et ëmmer déi franséisch Konkurrenten, déi sech italieenesch Marke wéi Gucci, Fendi oder Bottega Veneta ënnert den Nol gerappt hunn.

Versace war joerzéngtelaang e Familljebetrib. No der Ermordung vum Grënner Gianni Versace 1997 hat seng Schwëster Donatella Versace de Lead vun der Firma iwwerholl. Enn Mäerz huet si als Kreativdirektesch vum Moudekonzern opgehalen.