Den Erny Kirsch war bei de Stater Pompjeeën: "Dat war zimmlech impressionant"
"D'Kathedral brennt!" Sou den Titel an de Medien vum 5. Abrëll 1985.
Genee op Karfreideg war de groussen Tuerm vun der Kathedral a Flamen opgaangen an an de Koup gefall. Et waren Maintenanceaarbechten am groussen Tuerm amgaangen, déi d'Feier ausgeléist haten. En däitschen Tourist hat d'Flamen als éischte gesinn a gefilmt.
Den Tuerm gouf deemools komplett zerstéiert, genee wéi d'Klackespill mat sengen 37 klengen Klacken, wéi och 5 vun de 6 grousse Klacken. Dat war deemools, ee Mount virum Besuch vum Poopst Jean-Paul II war dës Tragedie eng grouss Erausfuerderung fir déi Lëtzebuerger Stater Pompjeeën.
Den Dan Wiroth huet sech mam Erny Kirsch getraff. Hie war deemools Stagiaire bei de Stater Beruffspompjeeën an erzielt wéi hien d'Feier an d'Läschaarbechten erlieft huet.