Wei ernäert een eng Besatzung op enger laanger Rees op de Mars an dono nees fir zeréck, wann all Kilo zielt an d'Rees Joren dauere kann?

D'Äntwert kéint laut brittesche Fuerscher dora bestoen, mat just enger Hand voll kultivéierten Zellen an engem Bio-Reakter, selwer Liewensmëttel, Bensinn a souguer Medikamenter unzebauen an hierzestellen.

Mat enger finanzieller Ënnerstëtzung vum “Bezos Earth Fund“ erfuersche se den Ament, wéi Liewensmëttel, déi soss vun de Leit op der Äerd produzéiert goufen, elo mat Hëllef vun der Genetik nohalteg am Weltall produzéiert kënne ginn - wou d’Zellen a Mini Fabricke verwandelt ginn, déi nëtzlech Produite produzéieren. Hir Thees gouf elo am Weltraum getest, an dëst an der Phoenix 1,  deen éischten europäesche Weltall Shuttle, dee capabel ass fir dohinner ze fléien an nees zeréck. D’Zelle goufen elo viru kuerzem an engem Miniatur-Laboratoire, deen automatiséiert ass, an de Weltall geflunn.

Et ass e Bio-Reakter, an deem Hief-Zelle geziicht ginn, déi e bestëmmte Vitaminn-Virleefer produzéieren, an déi da gesammelt, extradéiert ,an da verbraucht kënne ginn. Fir de Weltraum ass dat ganz schwéier ze realiséieren. Mir mussen eis also iwwerleeën, wéi dëse Bio-Reakter ausgesi kéint, an dëst u Bord vun enger Space X Falcon 9 um Cape Canaveral a Florida, esou den Dr. Rodrigo Ledesma.

D'Donnéeën, déi bei dëser Missioun gesammelt goufen, wäerten elo hëllefen, fir den Design vum opblosbaren atmosphäresche Bremssystem, deen esou wuel als Hëtzschëld fir den Zerécktrëtt an d’Atmosphär, ewéi och als Fallschierm herno déngt, fir d'Landung ze bremsen.

Deemnächst wäerten se erausfannen, ob et dann elo méiglech ass fir Liewensmëttel am Weltall hierzestellen, wann alles näischt weit. Falls alles no Plang leeft, hoffen d’Fuerscher herno do uewe kënne Biodiesel, Mëllechproduiten, Vitaminne bis hin zu Vanillsglace kënnen ze produzéieren.