Ronn 60 Participanten aus 14 verschiddene Länner hunn un der 5. Editioun deelgeholl, bei deem et dorëms geet, Méiwen nozemaachen.

Zu Lëtzebuerg stoungen de Weekend beim Duck-Race d’Inten am Vierdergrond. Ma bei eisen Noperen an der Belsch huet sech alles ronderëm eng aner Zort vu Vulle gedréint.

Si sinn dofir bekannt, ganz flénk ze sinn. Virun allem awer weess een. Wa Méiwen um Himmel sinn, kann d'Mier net ganz wäit sinn. A grad dowéinst hu vill Leit se gären.

RTL

Et ginn der awer och, déi si reegelrecht besiess vun dëser Vullenzort. Op der belscher Côte, zu De Panne, hu sech de Weekend Méiwen- Fans getraff, fir ze kucken, wie se am beschten nomaache kann.