Donald Trump beleidegt Taylor Swift a Bruce Springsteen

Den US-President huet seng Zäit an der Air Force One genotzt, fir verschidde Saachen an de soziale Medien ze schreiwen.
Den US-President Donald Trump huet um Réckfluch vu senger Déngschtrees an d'Golf-Regioun d'Rocklegend Bruce Springsteen an d'Popstar Taylor Swift beleidegt. Den Trump huet wärend sengem Fluch op Truth Social geschriwwen, datt de Springsteen en "Idiot, dee keen aussote kann" wier. An en engem anere Post huet hie behaapt, d'Swift wier "net méi hot".
Den US-Rockstar Bruce Springsteen hat e Mëttwoch bei engem Concert zu Manchester gesot, datt säin Heemechtsland aktuell vun enger "korrupter, inkompetenter a verréiderescher Regierung" géif gefouert ginn. Hien hat d'Leit um Concert opgefuerdert, "géint Autoritarismus" a fir Fräiheet anzetrieden. Den Trump huet säi Fluch genotzt, fir sech elo ze revanchéieren: De Springsteen wier "staark iwwerschätzt", esou den 78 Joer ale Republikaner. Hien hätt de Rockstar a seng "radikal lénk Politik" nach ni gär gehat. De Springsteen wier "keen talentéierten Typ", mä just en "opdränglechen Idiot, dee keen ausstoe kann".
Weider huet den Trump de Springsteen als "verdréchent Quetsch" bezeechent, deem seng Haut komplett "verschrompelt" wier. De Museker soll de Mond halen, bis hien nees am Land ass. "Da wäerte mir all gesinn, wéi et him wäert ergoen", esou den Trump.
Bis ewell bleift nach onkloer, wat den Ulass war, datt de Republikaner d'Popstar Taylor Swift attackéiert huet. "Ass iergendengem opgefall, datt si net méi hot" ass, zanterdeem ech gesot hunn, "ech haassen d'Taylor Swift?", esou den Trump an engem anere Post op senger Plattform. D'Swift hat bei den US-Presidentielle ganz ëffentlech dem Trump seng demokratesch Konkurrentin Kamala Harris ënnerstëtzt. De Republikaner hat dowéinst schonn am September erkläert "Ech haassen d'Taylor Swift".