Dem Shaheen Aljourdi seng inspiréierend Rees
"Syrien ass an der Kris, mee et ass mäi Land – ech vermëssen et."
Mat dëse Wierder beschreift de jonke Shaheen Aljourdi seng déif Verbonnenheet mat senger Heemecht, och wa säi Liewe sech haut zu Lëtzebuerg ofspillt. De knapps 18 Joer ale Lycéesschüler ass 2022 mat senger Mamm a senge Bridder nokomm, nodeems säi Papp schonn 2020, virum Krich a Chaos, aus Syrien geflücht war.
E Parade-Beispill vun der Integratioun.
Trotz deene groussen Erausfuerderunge konnt de Shaheen sech séier integréieren. No enger Accueilsklass huet hie sech an der Schoul gutt gemaach an dat mat groussem Erfolleg: Am Mäerz 2025 gouf hien, zesumme mat zwee Klassekomeroden, fir hiren innovative Projet "Aura" ausgezeechent. Et geet ëm e Bracelet, deen d’UV-Stralung moosst an iwwer eng App Schutzmoossnamen ubitt. Dëse Projet gouf vum Forum Geesseknäppchen a vun der Fondation Jeunes Scientifiques Luxembourg belount. Am September vertrëtt d’Ekipp Lëtzebuerg bei engem europäesche Concours a Lettland.
Trotz dësem Erfolleg bleift d'Suerg ëm d'Situatioun a Syrien grouss. D’Famill Aljourdi gehéiert zur drusescher Minoritéit a kuckt mat Angscht op d’Entwécklungen vun hirem Gebuertsland. "Mir si frou, hei ze sinn,“ seet den Ezzat, de Papp vum Shaheen, "mä eis Gedanken si bei eiser Famill, déi nach do lieft.“
Fir de Shaheen ass kloer: Seng Zukunft läit hei an Europa. Mä seng Wuerzelen a seng Heemecht wäert hien ni vergiessen.