De Snoop Dogg wëll a Schottland e Burger-Stand opmaachen

© AFP
Den US-Rapper Snoop Dogg wëll d'Léift zum schottesche Futtballveräin Celtic Glasgow mat der Léift zum gudden Iesse verbannen.
Virum Stadion vum Futtballveräin Celtic Glasowwëll hien e Burger-Stand opmaachen. Dëse Stand soll e "Paradäis" fir Gourmete ginn, huet de Museker an der "Sunday Mail" annoncéiert. Hie wéilt de Fans weisen, dass Iessen an engem Stadion och gutt schmaache kann. An hie wäert héchstperséinlech dofir suergen a selwer hannert dem Comptoir stoen, fir ze zerwéieren.
De Snoop Dogg gesäit sech als Expert, e Kachbuch mam Titel "Vum Gangsta zum Gourmet" gëtt et jo schonn. "D'Geheimnis vun engem gudde Burger läit un der Preparatioun mat Léift", sou de Rapper. D'Gehacktes misst mat "e puer geheime Gewierzer vermëscht" ginn an da kéimen nach héichwäertege Kéis an Ahornspeck drop. An et muss "Celtic Park" sinn, sou de Snoop Dogg mat Bléck op de Stadion vum schottesche Meeschterclub, vun deem hien e grousse Fan ass.
"D'Celtic-Fans wäerten et liben, a fir dass et och genee richteg ass, wäert de Snoop iech perséinlech zerwéieren."