Oxytocin, och bekannt als Kuschelhormon, gëtt beim Knuutschen, Ëmäerblungen a Geschlechtsverkéier fräigesat.

An dat Hormon stäerkt och eisen Immunsystem a baut Stress souwéi Angscht of. Donieft hëlleft et, dass mir Péng manner spieren. Ma et gëtt nach eppes, wat den Ausstouss vun Oxytocin ureegt: Musek.

E wëssenschaftlecht Experiment op den Dresdner Museksfestspiller dëst Joer ka beleeën, wéi eng Wierkung e Concert op eise Kierper huet. Dat wier op engem Owend kloer ginn, wéi am Kader vun der Serie "Sound & Science" nom gemeinsame Spillen a Lauschtere vu Live-Musek d'Kuschelhormon Oxytocin däitlech geklomme wier.

"Musek ass esouguer besser wéi Kussen oder Sex", ënnersträicht ee vun de Responsabele vum Experiment Jan Vogler. De Wäert bei de Visiteuren a Museker wier wärend hirem musikaleschen Experiment deels méi héich gewiescht, wéi de Wäert bei fréieren Etüden, wou sech d'Leit intensiv gekësst hunn oder nom Geschlechtsakt.

De Moossapparat hätt vill méi héich ugeschloe beim Oxytocin-Wäert wéi normalerweis bei enger Ëmäerblung oder bei engem Kuss. Dëst Hormon huet déi immens Fäegkeet, eisen Immunsystem ze stäerken, Angscht, Stress a Péng ginn erof. Déi fräiwëlleg Participanten am Public hate virum Concert en Duerchschnëttswäert vun 37,54 Pikogramm pro Milliliter (pg/ml), dono 203,17 pg/ml.

Dat huet sech och bei de Museker gewisen, net just bei den Nolauschterer. Wéi si sech ëmäerbelt hunn ënnereneen, wier bal keng Verännerung beim Oxytocin festgestallt ginn. Wéi si awer zesumme musizéiert hunn, ass de Wäert ëm 88,49 pg/ml eropgaangen, seet den TU-Professor Clemens Kirschbaum, Chef vum Experiment.

Gemeinsaamt Musizéiere verbënnt

Wat d'Wëssenschaftler rausfonnt hunn, ass, dass eng Ëmäerblunge vun 20 Sekonne mat sengem Partner zu enger Oxytocin-Erhéijung vun 3 op 5 pg/ml féiert, vu 50 op 150 pg/ml erop geet e bei enkem Kierperkontakt, ma nach vill méi beim Musek maachen. Dat bedeit, dass gemeinsaamt Musizéieren een och vill méi matenee verbënnt. Och d'Nolauschterer spieren e staarkt Gefill vu Verbonnenheet géintiwwer de Museker, nach méi wann d'Musek als ausdrocksstaark, emotional oder ästhetesch empfonnt gëtt.

Fazit: Musek verbënnt a se ass quasi moossbar am Kierper. Et spiert ee se souguer mam Häerz.