Däitsch Grenzkontroll verhënnert Kannerentféierung

© AFP Archivbild
Am Kader vun den däitsche Grenzkontrolle konnt d'Police op Päischtsonndeg op der BAB 64, der Autobunn a Richtung Tréierer A1, eng jonk Fra festhuelen.
Déi 19 Joer al Rumänin gouf a Frankräich wéinst Kannerentféierung gesicht. Hir gëtt virgeworf, hir béid Kanner aus der Ophutt vun engem Foyer entzunn ze hunn. Donieft wier et schonn zu engem Verhale komm, bei deem d'Wuel vun de Kanner a Gefor wier.
D'Fra war an engem Auto aus Frankräich iwwer Lëtzebuerg bis an Däitschland gefuer. Nieft den zwee Kanner vun engem an dräi Joer waren nach zwee weider rumänesch Staatsbierger mat am Won.
Nodeems d'Police wéi gesot agegraff hat, goung et fir déi jonk Mamm an déi zwee Kanner bei d'Jugendamt, déi béid Matfuerer koumen nees op fräie Fouss. Déi franséisch Autoritéite wäerte de Fall iwwerhuelen.