De Schengenaccord an och d'EU sinn dem Lëtzebuerger Premier no wichteg fir d'Fräiheet, der Sécherheet an dem Wuelstand vun de Bierger.

"Viru 40 Joer gouf a mengem Land de Schengenaccord ënnerschriwwen", esou de Lëtzebuerger Premier an engem Post op Instagram op Englesch. "Et war eng grouss politesch Decisioun. Wéinst Schengen [...] kënne mir elo fräi duerch Europa reesen, op den anere Säite vun de Grenze schaffen a méi einfach a verschiddenste Länner studéieren". Fir de Luc Frieden ass et dann och wichteg, datt dëst erhale bleift.

Schengen huet "och eise Kontinent méi sécher gemaach. Well Schengen steet fir Fräiheet, mä och fir d'Zesummenaarbecht vun der Police iwwert d'Grenzen eraus. Well mir wëssen, datt Krimineller net un enger Grenz stoe bleiwen."

Weider fuerdert de Lëtzebuerger Premier, datt een zesumme schaffe muss, fir datt Europa e Succès bleift an dat mer sécher stellen, datt Europa eng Plaz bleift, "wou d'Leit a Fräiheet kënne liewen, dat a Sécherheet a Wuelstand."