Mann bäisst Zuchpassagéier am Sträit e Stéck vum Ouer of

© AFP/Archiv/RONNY HARTMANN
An engem Zuch a Baden-Württemberg krut en 42 Joer ale Passagéier wärend der Faart e Stéck vum Ouer ofgebass.
Wéi et vun der Stuttgarter Police heescht, koum et tëschent dem Mann an engem bis ewell onbekannten Täter zu engem Sträit am Zuch, well déi 42 Joer al Affer soll d'Begleedung vum presuméierten Täter ugekuckt hunn. De Sträit ass doropshin därmoossen eskaléiert, sou datt et zu enger kierperlecher Ausenanersetzung koum, bei där de Mann dunn e Stéck vum Ouer ofgebass krut. Hie selwer soll dem presuméierten Täter an de Fanger gebass hunn. Dësen ass mat senger Begleedung geflücht, wéi den Zuch zu Stuttgart stoebliwwen ass. Den 42 Joer ale Geschiedegte koum an d'Spidol, wou d'Stéck vu senge Ouer nees ugebitzt gouf. Nom presuméierten Täter gëtt weiderhi gesicht, bis ewell ouni Succès.