En 80 Joer ale Mann ass matten an der Nuecht - onfräiwëlleg - déi weltbekannten Touristenattraktioun erofgefuer.

Den eeleren Här konnt géint 4.30 Auer op der Hallschent vun der weltbekannter Trap gestoppt gi vu Polizisten, déi am historeschen Deel vun der Stad am Nuetsdéngscht waren. Onkloer ass, wéi de Mann, dee glécklecherweis net blesséiert gouf, iwwerhaapt op déi Trap gerode konnt. Den Alkoholtest war jiddefalls emol negativ. Tatsächlech geet uewen eng Strooss dolaanscht an do ass d'Trap, déi zum UNESCO-Weltkulturierwe gehéiert, net weider ofgeséchert.

D'Pompjeeën hunn den Auto duerno mat engem grousse Kran vun der Trap erofkritt. Scho méi wéi eng Kéier sinn Autoen do erofgefuer. Virun 3 Joer war e saudiarabeschen Ingenieur mat engem gelounte Luxusauto déi Spuenesch Trap erofgerannt an hat duerno behaapt, hie wier just dem Navi nogefuer. Et gëtt scho länger driwwer diskutéiert, wéi d'Monument besser ze schütze wier.