Neiséiland erlaabt Konsum vu "Magic Mushrooms"

© AFP Symbolbild
Et ginn Drogen, déi net just als Halluzinogen bekannt sinn, dacks hu si e grousst medezinescht Potential. Oder si haten et schonn a goufe verbueden.
Verschidden Drogen, besonnesch déi aus der Planzewelt, ginn zanter Joerhonnerte vun indigeene Vëlker wéinst hirer heelender an och spiritueller Wierkung benotzt. Zanter e puer Joer gëtt d'Wierkung vu Psilocybin an der moderner Medezin méi genee ënnert d'Lupp geholl. Lo ass de Fokus op d'Magic Mushrooms geréckelt.
Konsum Jo, awer net ouni Risiken
Virop, dës psychedelesch Champignone sinn illegal Drogen. De Besëtz, Handel oder d'Dealen domat ass strofbar, vun den Niewewierkungen emol guer net ze schwätzen. Ënner anerem kann et zu Iwwelzegkeet, Dronkenheet, Kappwéi an a seelene Fäll och Angschtzoustänn oder Paranoia ervirruffen.
Konsuméiert een dës, gëtt de Psilocybin am Kierper a Psilocin ëmgewandelt. Eng Substanz also, déi eng strukturell Ähnlechkeet mam Neurotransmitter Serotonin huet. Éischt virsiichteg Etüde kommen zum Resultat, dass verschidde psychesch Erkrankungen - Depressiounen, Angschtstéierungen oder Suchtkrankheeten (also och Alkoholsucht) - am Verglach zur Therapie mat Psychopharmaka, méi déifgräifend Verännerunge matsechbréngen. A Moosse kéinte Magic Mushrooms also als Antidepressiva benotzt ginn a souguer an der Demenz-Fuerschung hätt een de Wierkstoff um Radar.
Neiséiland erlaabt de Gebrauch vu Magic Mushrooms
E Mëttwoch huet Neiséiland als éischt Land dësen Halluzinoge fir medezinesch Zwecker erlaabt. De Vizepremier David Seymour sot, d'Virschrëfte wiere vun elo u méi labber a Magic Mushrooms dierfen zur Behandlung vu bestëmmten Depressioune benotzt ginn. Besonnesch awer fir déi Mënschen, déi schonn alles versicht hätten, wier dat hei immens wichteg, sou e Seymour weider. "Wann en Dokter mengt, dass Psilocybin hëllefe kann, soll hien d'Méiglechkeet kréien, et ze versichen."
Ma nëmme Psychiateren, déi u klineschen Etüde mat Psilocybin bedeelegt waren oder sinn, dierfen et verschreiwen a mussen alles, vum éischten Anhuelen un, detailléiert dokumentéieren.

© AFP
Partydroge wéi MDMA a Magic Mushrooms an der Schoulmedezin
Zur Behandlung vu posttraumatesche Belaaschtungsstéierungen an Depressiounen huet zum Beispill Australien e medezinescht Benotze vu Psilocybin zanter 2023 erlaabt. Ëmmer méi Länner maachen et no.
Drogen eng Medezin? Dat ass u sech net nei. Huele mer d'Beispill Lysergsäurediethylamid, besser bekannt als LSD. Dëse gouf virun iwwer 75 Joer vum Schwäizer Chemiker Albert Hofmann entdeckt. Den Halluzinogen wierkt sech an eisem Kierper op déi sougenannte Serotonin-Rezeptoren an eisem Gehier aus.
No der Entdeckung allerdéngs, hunn d'Leit ugefaangen, dës Drog op engem méi onkontrolléierten Niveau ze huelen. Se gouf dunn an de 60er Joren an de meeschte Länner verbueden an domat gouf och net méi domat gefuerscht. Eréischt an den 90er Jore gouf zu Zürech decidéiert, op wëssenschaftlechem respektiv medezineschen Zweck weider ze fuerschen.
2006 huet d'John Hopkins University eng Etüd mam Halluzinogen Psiloycbin verëffentlecht, bei där 36 psychesch gesond Fräiwëlleger matgemaach hunn. Si kruten d'Substanz Methylphenidat-Hydorchlorid, och nach bekannt als Ritalin. De Gros vun hinnen hat no zwee Méint méi e positiivt Befannen an och Verhalensweis. Vill vun hinne soten esouguer, dass dat zu defënnef beschten Erliefnesser an hirem Liewe gehéiert huet. Zanterhier ginn et méi Plazen op der Welt esou Etüden.
2013 huet en Dokter zu Basel nees ugefaangen, mat LSD ze fuerschen. An der éischter Phas mat gesond Popbanden, fir Wierkung, Niewewierkungen a Resultat z'ënnersichen. Aktuell leeft d'Etüd mat Persounen, déi Depressiounen hunn.
Och wann et als erwise gëllt, dass LSD net kierperlech ofhängeg mécht an och eng psychesch Ofhängegkeet éischter seelen ass, géif et nach Geforen a Risike ginn, déi nach net genuch erfuerscht sinn. Dës Drog wier "keen Heelmëttel" betount de leedende Fuerscher, den Dr. Müller. Et géif duerchaus och negativ Resultater ginn a misste längerfristeg beobacht ginn. Besonnesch Mënsche mat enger psychotescher oder bipolarer Stéierung kéinten nach méi eng Destabiliséierung erliewen.
Droge fir therapeutesch Zwecker?
Doriwwer si sech d'Fuerscher allgemeng nach net eens. Beim therapeutesche Verwenne vun Halluzinogenen, kéint et sech ëm e psychologeschen Effekt handelen. Hëlt een LSD bewierkt dat jo subjektiv Erliefnesser a Gefiller, déi engem eng aner Siicht op d'Liewen an op d'Welt ginn. Eng verännert Siicht kann engem an deem Sënn dann och eng Verbesserung vun de Symptomer mat sech bréngen.
Vill Froe stinn awer nach op. Zum Beispill bei wéi engen Erkrankungen LSD eng positiv Wierkung huet oder wéi laang dësen Effekt undauert a besonnesch a wéi ass et bei engem längeren oder/an reegelméissegen Asaz. D'Hoffnung ass, dass et scho bei engem begrenzten Asaz zu engem positive Laangzäiteffekt kënnt.