Tëschebilan Expo 2025 a JapanNohaltegkeet a Kreeslafwirtschaft gi groussgeschriwwen
De Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung zu Osaka gouf esou konzipéiert, datt en um Enn an eenzel Elementer kann zerluecht ginn.
Expo a Japan: Nohaltegkeet a Kreeslafwirtschaft ginn op der groussgeschriwwen
De Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung zu Osaka gouf esou konzipéiert, dass en um Enn an eenzel Elementer kann zerluecht ginn.
Bis et souwäit ass, dauert et awer nach op d‘mannst 87 Deeg, eebe bis d’Expo eriwwer ass. Elo ass se grad emol an der Hallschent. Zäit also, en Tëschebilan ze zéien iwwert de Succès vum Pavillon an d’Weltausstellung als Business-Geleeënheet fir Lëtzebuerger Entreprisen.
Op der Weltkaart gehéiert de Grand-Duché sécherlech zu de klengste Länner. Op der Weltexpo 2025 huet Lëtzebuerg awer grousse Succès. Op d’mannst wann een de Sondagë gleeft an dat bei iwwer 150 Länner, déi op der Weltausstellung present sinn. D’Visiteurszuelen am Lëtzebuerger Pavillon confirméieren d’Beléiftheet.
All 8 Minutte kënne maximal 25 Leit d’Doki-Doki-Visitt starten. Zäitweis ass de Lëtzebuerger Pavillon awer och fir de Public gespaart. Wann zum Beispill héije Besuch vun der groussherzoglecher Famill oder aus Ministèren usteet. Oder wann Delegatiounen an Entreprisë passéieren, déi op Wirtschaftsmissioun sinn.
Weltausstellung zu Osaka (13.-14.7.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
De Grand-Duché huet scho bal 100 Joer diplomatesch Bezéiunge mat Japan an et wéilt een d’Lëtzebuerger Betriber weider encouragéieren, fir mat dësem asiatesche Land zesummenzeschaffen. D’Chambre de commerce begréisst, datt och d’Vertrieder vum groussherzoglechen Haff esou Wirtschaftsmissiounen ënnerstëtzen. Als Chambre de Commerce géif een eeben zesumme mam Haff an de Ministèrë versichen, fir Facilitateur ze sinn. Um Enn wier et awer un den Entreprisen, hir Aarbecht ze maachen, fir datt et zu engem Ofkommes mat auslännesche Partner kënnt.
Fir Business op der Weltausstellung 2025 ze maachen, bleiwen elo nach knapp 3 Méint Zäit.
"Doki Doki - The Luxembourg Heartbeat" - de Lëtzebuerger Pavillon zu Osaka (14.7.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Ierfgroussherzog Guillaume op Visitt zu Osaka (15.7.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Ierfgroussherzog an Digitaliséierungsministesch zu Osaka (16.7.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Visitt Ministesch Stéphanie Obertin zu Osaka (17.7.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.