Wärend engem Coldplay-Concert war um groussen Ecran e Manager ze gesinn, deen eng Fra am Äerm hat. Et war d'Cheffin vum Personalbüro, awer net seng Fra.

Coldplay hu rezent zu Boston an den USA gespillt. Deen Optrëtt wollt sech och den Andy Byron, CEO vun der bekannter Tech-Entreprise Astronomer, net entgoe loossen. Zoufällegerweis gouf hie vun der Stadionkamera agefaangen an um groussen Ecran gewisen. De Problem war awer, dass et net seng eege Fra war. Mee d'Cheffin vum Personalbüro vu senger Firma.

Et huet e puer Deeg gedauert, mee elo ass gewosst: De Byron gouf vun Astronomer fräigestallt, ee Matgrënner iwwerhëlt säin Job.