De Camping zu Lëtzebuerg boomt

D'Wieder gesäit den Ament net onbedéngt no campen aus. An awer sinn d'Campinger hei am Land gutt gefëllt.
Last Minute op de Camping goe wier relativ schwiereg, seet d’Florence Bertemes, Presidentin vu Camprilux. Camping zu Lëtzebuerg géing den Ament nämlech boomen. Wourunner dat läit, wier schwéier soen. Eng méiglech Erklärung wier, dass d’Leit hire Standard geännert hätten. Mee och d’Campinger géingen eng gewësse Qualitéit ubidden an d’Offer wier antëscht extrem grouss. Vun Zelten, iwwert eng Plaz fir d’Rulott oder kleng Hebergementer, wier alles ze fannen.
An esou leeft och um Camping zu Konsdref alles nom Goût vum Gerant Michel Roelofs. "Et leeft ganz fein", faasst hien zesummen. Et wier een 20 Prozent iwwert den Zuele vum leschte Joer. Dobäi wier dat lescht Joer schonn e Rekordjoer gewiescht. D’Campinger am ganze Mëllerdall an a ganz Lëtzebuerg géinge gutt lafen. Ëmmer méi Wanderer a Vëlosfuerer kéimen och op de Camping, seet de Michel Roelofs. An och wann d’Wieder den Ament net super wier, wier et fir ze Wandere perfekt, freet hie sech.
Gros vu Camper sinn Hollänner a Belsch
De Gros vun der Clientèle wieren ëmmer nach Hollänner a Belsch, seet de Perry Wagner, President vum Syndikat d’initiative et de Tourisme Konsdref. Zanter Covid kéimen awer och méi Däitscher, déi sech wuel wärend Covid, wou se net méi wäit konnte reesen an d’Land verléift hätten. Mee och méi onerwaarte Gäscht kommen an d’Land, wéi d’Florence Bertemes weess. Zum Beispill géinge vill Schwäizer en Halt maachen, déi um Wee op d’Küst wieren, well Lëtzebuerg fir si op Hallwem Wee géing leien.
An och Skandinavier kéimen awer nees méi heefeg op de Camping an de Grand-Duché. A fir den alen an neie Clientë gerecht ze ginn, bleift een net stoen. Zanter Jore géing ëmmer méi an de Locatif vu Mobilhomer oder Pods investéiert ginn, seet de Perry Wagner. D’Demande wier awer och grouss, fir am Wanter kënnen ze campen. Souwuel mat Roulotte wéi och mat Karawannen. Dofir géing ee grad préiwen, ob een de Camping och kéint am Wanter opmaachen. Fir dass de Camping net just de Schéi-Wieder-Camper virbehale bleift, mee och eng Plaz fir déi méi haartgesotten huet.