"Mir maache cool Aktivitéiten"
Wärend enger Woch erliewen d'Kanner tëscht 4 a 7 Joer flott Momenter. Si reesen duerch verschidden europäesch Länner.
Zu Housen ass nach bis e Méindeg d'Vakanzekolonie vum Roude Kräiz. D'Kanner am Alter tëscht 4 a 7 Joer reese mat hire Moniteuren a Monitricen duerch Europa. Vu Lëtzebuerg iwwer Italien, Portugal an ënner anerem Griicheland.
"Dekoratioun an d'Verkleedung spillt bei Themekolonien eng ganz wichteg Roll", esou d'Jil Donven, Responsabel vun der Kolonie. Wärend enger Woch verbréngen déi Kleng zesumme mat der Ekipp vill flott Momenter. Et gëtt gebastelt, gemoolt, Geschichte virgelies a Kaart gespillt. "Bei der Themekolonie mam Numm Europa hu mir eis am Virfeld vill Gedanke gemaach, wei mir dëst uginn. Rollen opdeelen, d'Kanner an d'Gruppen opdeelen.Am Virfeld vun esou enger Kolonie ass ëmmer vill Aarbecht", esou d'Responsabel am RTL-Interview.
Wärend de Summerméint ginn eng ronn 80 Moniteuren a Monitricë gebraucht, fir déi eenzel Kolonien z'organiséieren. Et geet op d'Belsch Plage, an Holland, Éisträich, Frankräich an zu Lëtzebuerg ginn des Vakanzekolonie vum Jugendroutkräiz organiséiert. "Kanner a Jugendlecher am Alter tëscht 4 a 17 Joer gi matgeholl. D'Moniteure musse bei eis oder enger anerer Organisatioun de Brevet Animateur maachen. Dëse Brevet ass vum SNJ ausgeschriwwen. Vill baséiert awer och op Erfarung". Sou d'Jil Scolati, Chargée de direction vum Lëtzebuerger Jugendroutkräiz.
Um Internetsite croix-rouge.lu fënnt ee weider Informatiounen zu de Kolonien, déi vum Roude Kräiz ugebuede ginn. Souwuel am Summer wéi och de Wanter iwwer.