Um Glacis steet zanter Kuerzem erëm d'Entréesschëld vun der Schueberfouer, elo mat der neier Joreszuel 2025.

Dat faarwegt Konschtwierk gouf am Joer 2007 vun engem Kënschtlerkollektiv ënner der Leedung vum Rik Van Kerchove entworf. Zanterhier gëtt all Joer d'Joreszuel ugepasst.

D’Schueberfouer ass dat gréisste Volleksfest zu Lëtzebuerg an huet eng laang Traditioun.

Liest hei e Faktencheck iwwer d'Zuel vu Visiteuren.

De Programm fir dëst Joer steet och schonn:

22. August: Ouverture

26. August: Buergermeeschterdag
27. August: Familljendag
28. August: Kinniginnendag
31. August: Fouersonndeg
1. September: Braderie
2. September: Lämmy & Friends
3. September: Gourmet Familljendag
4. September: Biergerdag
5. September: Mass fir d’Forainen
8. September: Lämmy Fouerspill ab 12 Auer
10. September: Hallwen-Tarif vun 12 bis 20 Auer; Freedefeier um 22 Auer