Lëtzebuerger Scouten um Camp "Odyssey" an Holland
Zanter dem 19. Juli ass an Holland de Scouts-Camp "Odyssey" vun der FNEL op der Scoutscampplaz zu Zeewolde.
Mat derbäi um Fédéralcamp, deen all véier Joer organiséiert gëtt, si ronn 450 Scoute vun der Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg (FNEL). Wärend zwou Woche gëtt hei an dräi verschiddenen Altersgruppen an Zelter geschlof an eng jett Aktivitéiten an der Natur gemaach. Komplettéiert gëtt de Camp mat enger Rei lokalen Excursiounen, dorënner een Ausfluch op Amsterdam oder Harderwijk, sou wéi Wander- a Vëlostier.
"D'Jugendlech léieren hei, wéi een Erausfuerderunge meeschtert, selwer Decisiounen hëlt a wéi et ass, zesummen an enger Gemeinschaft ze liewen", sou den Tom Leclerc, Odyssey-Campchef. De Camp fédéral vun der FNEL leeft nach bis den 2. August.