1956 huet de Park zu Beetebuerg seng Dieren opgemaach. Vill Generatioune si mëttlerweil duerch de Märchen- an Déierepark erduerchgaangen.

"Komm mir gi kucken, ob de Ris nach schléift", sou oder esou änlech heescht et sécherlech reegelméisseg bei Famillje mat Kanner doheem, ob elo hei zu Lëtzebuerg oder am noen Ausland. An et gëtt kaum e Kand hei an der Groussregioun, dat net wéinstens eemol am Beetebuerger Park op Besuch war.

Zanter 1956 gëtt et de Parc Merveilleux. De 17. Mee viru bal 70 Joer huet de Park seng Dieren eng éischte Kéier opgemaach, dëst op Initiativ vum hollännesche Paysagiste Willem Ter Braake an der Beetebuerger Gemeng. Virun allem an de 70er Joren huet de Park grousse Succès kannt. Éischten Direkter war de Jean Gales. "1997 gouf de Park vun der APEMH iwwerholl. D'Elteren-Associatioun vun engem geeschteg behënnerte Kand war op der Sich no neien Atelieren", erkläert d'Ruth Herber, Responsabel fir den Tourismusberäich am Beetebuerger Park.

D'Ruth Herber vum Parc Merveilleux
D'Ruth Herber, Responsabel fir den Tourismusberäich am Beetebuerger Park.

"Deemools louche mir bei 70.000 Visiteure pro Joer. Mëttlerweil ziele mir pro Saison eng 300.000 Leit." Aus Lëtzebuerg an der Groussregioun kommen d'Leit op Besuch. Wärend dem Summer begéint een awer och vill Hollänner am Märchepark. "Ausgangs Juni, ugangs Juli sinn awer och ëmmer vill Schoulklassen, déi fir en Ausfluch op Beetebuerg kommen. Mir haten dëst Joer een Dag mat 35 Klassen, dat sinn iwwer 2.000 Kanner", erzielt d'Ruth Herber ganz houfreg.

Spiller, Spillplaz an Déieren

Den Zichelchen, d'elektresch Autoen oder d'Ponyen: d'Attraktiounen am Beetebuerger Park si ville Generatiounen e Begrëff. Och d'Spillplaz nieft dem Restaurant gëtt et zanter Ufank un. Dobäi kommen eng sëllegen Déieren, déi ee vun no a wäit bewonnere kann.

Ronn 200 verschidden Déierenaarte ginn et am Park. Am Total sinn et bal 3.000 Déieren. De Guy Willems schafft zanter 22 Joer als Veterinär am Märchepark. "Ech bestëmmen, wat fir eng Déieren hei am Park gehale ginn. Wat fir eng Déiere sech däerfen hei reproduzéieren, wou déi Déieren, déi hei gebuer ginn, duerno hi ginn. Mat wat fir engem Zoo mir zesummeschaffen".

Gefiddert wëllen all dës Déieren natierlech och ginn. An do kënnt eng jett zesummen. "Iwwer 10.000 Kilo Fleesch gëtt pro Joer gebraucht. Ausserdeem 80 Tonnen Dréchefudder." Uebst a Geméis gëtt och all Woch gebraucht. Dat sinn ëm déi 500 Kilogramm.
 
"Mir hunn och Schlaangen. Mee et si keng gëfteg", esou nach de Guy Willems.

De Guy Willems vum Parc Merveilleux
De Guy Willems schafft zanter 22 Joer als Veterinär am Märchepark.

An der Summervakanz komme pro Dag tëscht 1.500 an 2.000 Visiteuren an de Märchen- an Déierepark op Beetebuerg. "Virun allem wärend de Feierdeeg am Mee kommen ëmmer vill Leit. Do leie mir da sou ëm déi 5.000 Visiteuren", sou d'Ruth Herber. 25 Hektar grouss ass de Park.

100 Leit mat enger liichter Behënnerung schaffen am Parc Merveilleux. Si këmmere sech ëm ganz vill verschidde Saachen. De Park propper halen, ma och Déiere fidderen. Sou ass d'Rachel Kasel mat responsabel fir déi rout Pandakoppel, déi vun Häerze gäre Bambus iessen. D'Rewa (Mamm) an den Nischo (Papp) si rezent houfreg Eltere vun zwee Klenge ginn. Enger Koppel, wat ganz seelen ass. "Et ass eng wonnerbar Aarbecht", sou d'Rachel. "Mir sinn total frou mat hinnen. Si ze gesinn, deet richteg gutt". Dëst erzielt d'Rachel Kasel mir a laacht iwwer d'ganz Gesiicht. "D'Rewa passt ganz gutt op hiren Nowuess op". Si wären den Ament esou grouss, ewéi e klenge Mupp.

D'Rachel Kasel vum Parc Merveilleux
D'Rachel Kasel ass mat responsabel fir déi rout Pandakoppel.

Och d'Pelikanen, de Storch an d'Schof gi gäre gefiddert. Mëttlerweil si si esou zoutraulech ginn, dass si sech aus der Hand fiddere loossen. "Wann d'Schof net direkt kommen, da rësele mir mam Eemer. Sou héiere si d'Brout raschelen an da komme si séier bei eis", erkläert d'Natascha den Oflaf vum Fidderen. Zanter bal zwee Joer schafft déi jonk Fra hei am Park. Brout an Hee kréien d'Schof.

Fësch kréien d'Pelikanen an de Storch ze friessen. Och si freeë sech, wann d'Emma mam Fudder kënnt. "Fënnef Pelikane kréie Fësch mat enger Pëll derbäi. Si vertrauen eis. Dofir komme si och elo bei eis fir gefiddert ze ginn", erkläert d'Emma de Virgang, fir d'Déieren ze fidderen. "Et gi souguer zwee Pelikanen, déi kann ee souguer heemelen".

De Ris ass den heemleche Star

Dëse lëschtege Gesell gehéiert zum Park, ewéi de Schnéi am Wanter. Hie wär bal sou al ewéi de Märchen- an Déierepark, kréien ech erzielt. "All zwee Joer gëtt hien nei ugestrach", esou d'Ruth Herber. "Mëttlerweil schnaarcht hien och nees. Dat war eng Zäit laang net de Fall". Virun e puer Joer koum och e Buch mam Ris eraus. Hei spadséiert hien duerch Beetebuerg a léiert d'Uertschaft kennen. Hie läit zanter Joer an Dag am Park a léisst sou zimmlech alles mat sech gefalen. D'Kanner kënnen op hie kloteren, op him sprangen. Dee Kärel léisst sech net aus der Rou bréngen.

Ausbau a Parkplazprobleemer

Et ginn Iddie bei de Responsabele vum Park, fir auszebauen. Vu Muttwëll wier et net. Dofir brauch et awer den Accord vu Gemengesäit.

Mat Momenter ass et och schwiereg, eng Parkplaz an der Géigend vum Parc Merveilleux ze kréien. Zemools op de Weekender an de Feierdeeg wär et dacks schwiereg. Hei géif et d'Iddi ginn, e Parkhaus vis-à-vis vum Futtballterrain ze bauen. Dat ass den Ament awer nach Zukunftsmusek. "De Weekend an op de Feierdeeg fiert eng gratis Navette vum Retrobus. Déi fiert op de Krakelshaff. Si fiert all 20 Minutten. Vu moies 11 bis owes 19 Auer", sou d'Ruth Herber am RTL-Interview.
 
Wat d'Entréespräisser vum Park ugeet, wären déi d'lescht an dëst Joer net erhéicht ginn. "Wann d'Stroumpräisser an d'Luucht ginn, musse mir d'Präisser upassen. Dat selwecht gëllt fir den Akafspräis vu Liewensmëttel a Fudder."
 
De Park ass nach bis den 12. Oktober 2025 fir d'Visiteuren op, all Dag vu moies hallwer 10 bis owes 19 Auer.
 
Den Ticket fir Erwuessener kascht 15 €.
Kanner vun 3 bis 14 Joer bezuelen 10 €.
 
Méi Informatioune kritt een um Internetsite vum Park.

Summer-Serie: Vu Märercher bis allerlee Déieren am Beetebuerger Park
1956 huet de Park zu Beetebuerg seng Dieren opgemaach. Vill Generatioune si mëttlerweil duerch de Märchen- an Déierepark erduerchgaangen.