Begleet eis op eng faszinéierend Rees duerch déi schéinsten Naturreservater vu Lëtzebuerg – zesumme mat engem Natur-Expert.

Dee weist eis déi verstoppte Schätz vun eise räiche Landschaften am Grand-Duché. Déi nei Reportage-Serie, all Samschdeg am August op RTL. Dat zesumme mat der Fondatioun Hëllef fir d’Natur.

Méi Informatiounen iwwert d'Fondatioun fannt dir hei: Accueil
 

Episode 1 : Scheierbierg

Taucht an an d’Hëlt, eng vun deene leschte Mosaik-Landschaften am Land, wou Wäibau, natierlech Entwécklung an eng räich Biodiversitéit zesummekommen.

Entdeckt zesummen mam Agraringenieur Georges Moes, firwat dëse spezielle Site am Fokus vum Naturschutz zu Lëtzebuerg steet.