D'Andrée Moos presentéiert bei derwäert e Landschaftsbild, dat schonn esou laang an hirer Famill ass, wéi si sech erënnere kann. Wou d'Bild hierkënnt a wéi al et ass, weess si net. Elo, wou si an en Appartement plënnert, wëll si endlech méi iwwert d'Geschicht an de Wäert vum Familljestéck gewuer ginn.
Zesumme mam Mike Fandel geet d'Andrée op d'Sich no den Originne vum Bild. Caroline Cuny-Desprez erkläert, wat d'Bild iwwert déi Zäit, wou et entstanen ass, verréit, firwat eng professionell Botz d'Faarwen nees zum Virschäi kéint bréngen a wéi de Familljenierfstéck haut ageschat gëtt.
Wat eisen Objet vum Dag haut nach wäert ass, gesitt Dir bei derwäert, dëse Summer vun Dënschdes bis Donneschdes direkt nom Journal op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play.