Den Donald Trump huet sech zu der Entloossung vum Tëleesmoderator Stephen Colbert bei CBS geäussert, an direkt déi zwee Nächst an d'Viséier geholl.

Mëtt Juli gouf annoncéiert, datt de Kontrakt mam bekannten Tëleesmoderator Stephen Colbert net verlängert gëtt a seng "Late Show", mat duerchschnëttlech ronn zwou Millioune Spectateuren, beim Sender CBS aus dem Programm geholl gëtt. Wärend de Sender CBS gesot hat, et géing sech ëm eng "reng finanziell Decisioun" handelen, hu Kritiker d'Vermuddung gehat, et wier Drock aus dem Wäissen Haus gemaach ginn. De Stephen Colbert zielt nämlech zu engem vun deene gréisste Kritiker vum Donald Trump, wat och ëmmer nees a senger Late-Night-Show ze gesi war.

Ronn zwou Woche méi spéit huet den US-President sech elo op senger Plattform Truth Social zum Out vum Stephen Colbert geäussert. De Grond, firwat säi Kontrakt net verlängert gi wier, wier net dem Trump seng Schold, ma et wier virun allem wéinst dem "Manktem un Talent", a well hien de Sender pro Joer 50 Milliounen US-Dollar kaschte géing.

RTL

Stephen Colbert / © AFP

Mam Stephen Colbert war et dem Trump awer nach net genuch. Am zweeten Deel vu sengem Bäitrag huet hie sech zwee weider bekannt Tëleesmoderatoren zur Broscht geholl: En "ëm sou manner talentéierten" Jimmy Kimmel an e "schwaachen, ganz onsécheren" Jimmy Fallon. Mat "Jimmy Kimmel Live" an "The Tonight Show" gehéiere si och zu deene bekanntsten Talk-Show-Moderatoren an den USA, wou, änlech wéi beim Stephen Colbert, Kritik um US-President net seelen ass.

"De Stephen Colbert ass sech selwer zum Affer gefall, déi aner Zwee wäerten nokommen", sou den Trump zum Schluss vu sengem Bäitrag, deen domat relativ kloer dorop hindeit, datt mam Jimmy Fallon an Jimmy Kimmel an noer Zukunft zwou weider kritesch Stëmme vum US-President aus der Tëlee verschwanne kéinten.