10 Tonne schwéiere Méidrescher rennt a Gaardeparty
A Baden-Württemberg ass e Méidrescher duerch eng Heck an e Gaart gerullt, an deem Leit eng Party gefeiert hunn. En Zoufall huet d'Gäscht awer gerett.
Et war wuel "Gléck am Ongléck", wéi d'Police vun Ulm matdeelt: Zu Bad Überkingen ass e Samschdeg den Owend e Méidrescheéi duerch eng Heck gebrach an an e Gaart gefuer, an deem grad Leit gefeiert hunn. Déi zéng Tonne schwéier Maschinn war e puer Honnert Meter ewech op engem Feld ofgestallt ginn an ouni Chauffer lass gerullt.
Blesséiert gouf keen an och Schued gouf et keen um Haus. Der Police no hat de Méidrescher sech - nodeems en duerch d'Heck gerannt war - mat engem Baudeel verwéckelt, wouduerch en no zwee Meter un d'Stoe koum.
D'Maschinn gouf vun de Pompjeeën a vum Techneschen Hëllefswierk geséchert, sou datt se net weider rulle konnt. "Ob d'Party nom Tëschefall weidergoung, ass der Police net bekannt", heescht et nach am Schreiwes. Firwat de Méidrescher einfach lass gerullt ass, gëtt aktuell nach ermëttelt.