Archeologesch Ausgruewunge ginn et net just zu Roum oder a Griicheland, mee och hei zu Lëtzebuerg. Méi genee bei der Villa Romaine zu Giewel.

Do mécht d’Georges Kayser Altertumsfuerscher ASBL zënter iwwer 35 Joer Ausgruewungen um Site vun der galloréimescher Villa. Zanter Jore schonn organiséiere si am August eng Woch laang ee Jugendcamp, wou Kanner tëscht 10-18 Joer kënne matmaachen. 
 
An de 1960er Joren ass de Georges Kayser, fréiere Paschtouer an Altertumsfuerscher, zu Giewel op d'Réimervilla gestouss. Kolleege vun him hunn dunn no sengem Doud d‘Georges Kayser Altertumsfuerscher Asbl gegrënnt. Fir hir Ausgruewunge benotzt de Veräi keng komplizéiert technesch Apparater. Hei gëtt mat Schëpp a Schubbkar geschafft. Zanter 1991 gëtt um Terrain och ee Jugendcamp organiséiert, fir Nowuess ze kréien.

De Jaques Bonifas, President vum Veräin:

"Wéi kritt een Nowuess, ma andeems mir Jugendlecher dofir begeeschteren, fir auszegruewen. Zanterhier hu mir eise Membere geschriwwen, dass si mat hire Kanner kënnen op de Camp kommen. Dat hat ëmmer grousse Succès a souguer vun de Jonken, déi op de Camp komm sinn, ginn et der haut, déi nach ëmmer erëmkommen."
 
Esou wéi d'Céline Mangen, si ass Studentin a kënnt zanter Joren ëmmer nees op de Jugendcamp, fir de Veräi bei den Ausgruewungen z'ënnerstëtzen.
 
"Viru 5 Joer hunn ech do ënnen als Kand ee Gebai mat ausgegruewen an elo steet dat nei opgebaut do. Et ass immens flott ze gesinn, wéi de ganze Site evaluéiert a wat mir alles Neies entdecken. Et ass, wéi wann ee selwer bëssi Deel vun der Geschicht ausbuddelt."
 
Vu Schierbelen, Schanken a Statue bis Messeren, Braceleten a Maueren. Mëttlerweil goufen um Site ewell 14 Ruine vun deemolege Gebaier ausgegruewen.

Fir den David da Silva eng nëtzlech praktesch Erfarung. Hie studéiert nämlech Geschicht an Archeologie a mécht bei der Georges Kayser Altertumsfuerscher ASBL säi Stage.

"Hei ass wierklech vill learning by doing. Du kriss just ganz kuerz theoretesch alles erkläert an duerno méchs du et och praktesch, da muss du selwer gruewen. Du léiers einfach duerch all Dag maachen, wat s du ze maachen hues an duerch vill nolauschteren, wann d'Moniteuren doriwwer schwätzen, wat se elo maachen, wat déi nächst Schrëtter sinn."
 
Dëst Joer ass och nees ee Grupp aus Holland dobäi, fir de Veräi bei de Fuerschungsaktivitéiten z‘ënnerstëtzen.

Jugendcamp zu Giewel op de Spuere vun de Réimer
Archeologesch Ausgruewunge ginn et net just zu Roum oder a Griicheland, mee och hei zu Lëtzebuerg. Méi genee bei der Villa Romaine zu Giewel.