Schweden
113 Joer al Kierch muss plënneren
D'Kierch vu Kiruna am Norde vu Schweden ass déi lescht zwee Deeg integral verréckelt ginn.
Si ass op eng Spezialplattform gesat a lues iwwer ongeféier fënnef Kilometer duerch d'Stad transportéiert ginn. D'Ursaach dofir ass, datt den Ënnergrond duerch den Ofbau vum Eisenäerz instabil gouf. D'Gebai, dat 1912 aus Holz gebaut gouf a méi wéi 600 Tonne weit, gëllt als ee vun de wichtegste Symboler vun der Stad. Fir den Transport iwwerhaapt méiglech ze maachen, goufen och eng Rei Stroossen ugepasst. Vill Awunner hu sech de Spektakel live ugekuckt. Och de schweedesche Kinnek Carl Gustav XVI. war dobäi.
Am meeschte gelies