De Weekend vum 23. a 24. August sinn zu Kënzeg d’LuxPlaymoDays.

20 Aussteller deelen hir Playmobil-Konschtwierker net nëmme mat Kanner, mee mat jidder Passionéierten. Wat gëtt dëst Joer gewisen? A wéi vill Aarbecht stécht dohannert?

En Akafszenter vu Lëtzebuerg, eng Attraktioun aus engem bekannte Fräizäitpark, e Fantasie-Schlass oder de Wëlle Westen: Themen, déi u sech näischt mateneen ze dinn hunn. Diversitéit vun den Theme war den Organisateure wichteg. 
D’Exposante ginn entweder op aneren Evenementer fonnt oder si kennen eng Demande eraschécken. Dëst Joer ginn et erëm 20 verschidden Zeenen, déi ausgestallt ginn. Em déi 6 Exposante hu misse refuséiert ginn, well et keng Plaz méi gouf.  
 
1974 huet Playmobil hiren éischte Set, fir zesummenzebauen, erausbruecht. D’Ausstellung weist zum Beispill Zirkusmodeller aus de verschiddene Joerzéngten. Nieft originale Sette ginn och néi Interpretatioune gewisen, déi aus verschiddenen Playmobil-Këschten zesummegebaut sinn.

Dacks ass mol net méi gewosst, aus wéi villen Setten respektiv Stécker dat fäerdeg Wierk elo schlussendlech besteet. Vun der Iddi bis déi lescht Figur steet, dauert et gär emol e puer Méint, heiansdo souguer Joren. 
 
An hirer Kreativitéit sinn den Aussteller keng Limitte gesat. Deemno kann een och mol e Kleeschen op engem Surfbriet erblécken oder eng Banann, déi eng Banann kacht.