Wéi kleng Hänn Grousses beweegen
Vun 2027 u sollen d'Kanner d'Handwierksberuffer op méi Plazen am Land op eng spilleresch Aart a Weis kenneléieren.
D‘Matgesfeld zu Bieles huet elo eng nei Kabaische bäikrut, geplangt a gebaut vu Kanner. Um éischte Schantje vum Pilotprojet Kanner-Geschierkëscht gëtt et de Jonken erméiglecht, eegestänneg Strukturen ze plangen, ze bauen an ze fabrizéieren. Zesumme mat Fachleit aus verschiddenen Handwierksberäicher gëtt de Kanner duerch plangen, schrauwen, hummeren a mole gehollef, hir eegen Iddien a Projete matzegestalten. D‘Gemeng Suessem ass déi éischt, déi sech gemellt huet, fir un dësem Projet matzewierken. Fir d‘Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz ass d‘Matgesfeld, déi ideal Plaz fir esou ee Projet.
„Dat ass ugaangen, dass si d‘Pläng selwer ausgeschafft hu mat Architekten, gekuckt hunn, wéi baue mir dat a si hunn dat da selwer ausgeschafft, an dat wat si ausgeschafft hunn, steet elo och schonn do. Dat heescht, déi holze Struktur ass do, et si scho Fënsteren dran an dat fänkt dann elo un, ausgeschafft ze ginn, well et gëtt och herno bannendran tapezéiert, et komme Rideauen eran. Dat heescht, all eenzele Beruff, deen een am Handwierk, an engem Hausbau kann hunn, gëtt dann hei och gemaach.“
An dësem Projet geet et drëm ze weisen, wéi kleng Hänn Grousses beweege kënnen. Well si selwer mat upaken, léieren se wichteg Kompetenzen ewéi Beweeglechkeet, Kreativitéit a Selbststännegkeet an erwësche gläichzäiteg hir Begeeschterung fir d‘Handwierk an Nohaltegkeet.
D‘Initiativ an d‘Ëmsetzung kënnt vun „Upfoundation“. Eng Stëftung, déi Projeten ënnerstëtzt, fir Kanner a Jugendlechen ze fërderen, a si duerch praktesch a kreativ Projeten op d‘Zukunft virzebereeden. De Ben Piret schafft an der Direktioun, huet dëse Projet mat entwéckelt, an erkläert, dass de Projet op zwee Piliere baséiert.
„Also den éischte Pilier ass ëmmer ee konkrete Chantier, wat an dësem Fall déi nohalteg Cabane ass, déi hei zu Suessem steet. Den zweete Volet ass dann d‘Kanner-Geschierkëscht, wat eng mobil Werkstatt, e mobillen Atelier soll ginn, wou d‘Kanner dann och op anere Plazen am Land dovunner kënne profitéieren.“
D‘Kanner wiere ganz frou an houfreg gewiescht, bei esou engem Projet konnte matzemaachen, mat hiren eegenen Hänn eppes ze kreéieren, an dobaussen ze schaffen, amplaz klassesch hannert der Schoulbänk ze setzen, seet de Ben Piret.
„An et ass och esou, dass mir am Fong vu verschiddenen Enseignantë Feedback kruten, dass Kanner, déi ganz vill Léierschwieregkeeten hunn oder onroueg sinn an der Klass, dass si hei am Fong nei Kompetenzen, nei Talenter entdeckt hu bei hire Kanner, déi si virdrun, am formale Kader, nach ni gesinn hunn.“
D‘Kanner-Geschierkëscht, also de mobillen Atelier, gëtt mat de Kanner zesummen entwéckelt. Wann dee bis fäerdeg ass, kënnen d‘Gemenge sech mellen, fir Bauprojete mat de Kanner an hire Gemengen ëmzesetzen.