
RTL dierf de Pay-TV-Sender Sky iwwerhuelen. D'EU-Kommissioun zu Bréissel huet e Mëttwoch gréng Luucht fir dës Iwwernam vun der däitschsproocheger Offer vu Sky ginn. D'RTL Group hat de Kaf de leschte Juni annoncéiert.
D'US-Entreprise Comcast, d'Mammegesellschaft vu Sky, kritt fir déi däitsch Offer e Fixpräis vun 150 Milliounen Euro. An de fënnef Joer dono kënnen awer nach, jee no Stand vun den RTL-Aktien, e variabelen Undeel vu bis zu 377 Milliounen Euro dobäi kommen. Dës Iwwernam ass déi gréisst an der Geschicht vun RTL Däitschland. D'Decisioun dëse Mëttwoch hat dann och en Afloss op d'Aktie vun RTL: Déi sinn zanter e Mëttwoch de Moien op der Bourse zu Frankfurt ëm 13 Prozent geklommen.
"Duerch d'Zesummegoe vun RTL Däitschland a Sky Däitschland mat sengem Streamingdéngscht WOW entseet eng eenzegaarteg Offer fir Ënnerhalung, Sport an Informatiounen an de Beräicher Streaming, Free-TV a Pay-TV mat ronn 11,5 Milliounen Abonnenten", esou RTL am Juni. Sky huet ënner anerem d'Rechter fir déi éischt an zweet Bundesliga an der brittescher Premier League an Däitschland, Éisträich, der Schwäiz a Lëtzebuerg.