
Eng Ekipp vu besonnesch erfuerenen Alpinisten - am Nepal als "Äisbroch-Doktere" bekannt - preparéiert all Joer de Wee op de Sommet mat Leederen a Seeler. Dëst Joer hunn d'Aarbechte wéinst engem grousse Block aus Äis iwwer dem Khumbu-Äisbroch scho missen ënnerbrach ginn.
"Mir waarden dorop, datt d'Äis schmëlzt", sot den Äisbroch-Dokter Dawa Jangbu der Noriichtenagence AFP. Dës kéint viraussiichtlech nach e puer Deeg daueren.
Um Wee op de Sommet mussen Alpiniste fir d'éischt de Khumbu-Äisbroch iwwerwannen - e geféierlecht Feld aus Äisbléck a Schluchten, dat sech dauernd verännert. D'Ekipp aus Experten a besonnesch erfuerene Biergguide wier um Wee, fir d'Lag z'iwwerwaachen an noutfalls en alternative Wee auszeschaffen, sot de Spriecher vum nepaleeseschen Tourismusministère, den Himal Gautam. "Mir probéieren dofir ze suergen, datt et kee Retard gëtt a geheien Ekipement mam Helikopter erof, fir datt d'Strecken dem Zäitplang no preparéiert kënne ginn."
Mat aacht vun den zéng héchste Sommete vun der Welt zitt den Nepal all Joer am Fréijoer honnerten Alpinisten un. Den Alpinisten-Tourismus ass dowéinst immens wichteg fir d'Land am Himalaya. Dëst Joer huet d'Regierung méi wéi 900 Autorisatiounen erausginn, dorënner 410 fir de Mount Everest.
2023 waren um Khumbu-Äisbroch dräi Alpinisten duerch en Äisblock, deen ofgebrach ass, matgerappt ginn an ëm d'Liewe komm. 2014 ware 16 Alpinisten an enger Lawin um Äisbroch gestuerwen.