
Op der Lëscht, déi e Freideg verëffentlecht gouf, sti Stränn um Festland an op den Inselen. Ënnert anerem dierfen hei keng Sonneprabbelien a Ligestill verlount ginn. Zil ass et, d'Ëmwelt ze schützen an d'Küste virun de Suitte vum Massentourismus ze schützen.
Plagë mat besonnesch ästheeteschem, landwirtschaftlechem oder ekologeschem Wäert souwéi d'Déieren an d'Planzen, déi do liewen, sollte virun ze ville Visiteure geschützt ginn, heescht et vun engem Regierungsspriecher. D'Lëscht vun de geschützte Stränn ass domat vun 198 virun zwee Joer an 238 zejoer op elo 251 geklommen.
Déi griichesch Autoritéite ginn zanter e puer Joer ëmmer méi géint illegal Gebaier un de Küste vir. Eréischt en Donneschdeg haten Aarbechter op der Insel Gavdos südlech vu Kreta ënner Policeschutz eng Rei Hütten op enger Plage ofgerappt, déi e Brandrisiko waren. Zejoert hat et eng Kontrovers ëm en Hotelsprojet op engem berüümte Strand op der Insel Milos ginn.
Griicheland hat mat bal 38 Millioune Visiteuren dat lescht Joer en neien Tourismus-Rekord opgestallt. Am Dezember hunn d'Buergermeeschter vun de Kykladen an den Dodekanes-Insele gewarnt, datt de Massentourismus "d'Existenz" vun den Inselen a Gefor brénge géing.