Auswierkunge vum Klimawandel an der Antarktis méi schlëmm wéi ugeholl

© AFP Symbolbild
D'Auswierkunge vum Klimawandel an der Antarktis sinn den neisten Informatioune vu Fuerscher no méi schro wéi bis ewell ugeholl.
Dës kéint zu enger nach méi séierer Hausse vum Mieresspigel féieren, soen d'Wëssenschaftler an engem Artikel an der Fachzäitschrëft "Nature Geoscience". Deemno wieren an der Antarktis ëmmer méi änlech Auswierkungen ze gesi wéi an der Arktis.
"D'Antarktis huet laang Zäit als méi stabil gegëllt wéi d'Arktis. Awer d'Situatioun huet sich verännert", sou d'Ruth Mottram vum Dänesche Wiederinstitut (DMI). "D'Mieresäis geet zeréck. D'Temperature klammen och hei. D'Äisstréim beschleunege sech a Schmëlzwaasser geréit och an d'Splécke vun de Gletscher, déi doduerch méi séier an den Ozean rëtschen", betount d'Fuerscherin. Dëst wier "alarméierend", well d'Äismassen am Süden en dramatescht Potential am Bezuch op d'Hausse vum Mieresspigel am Norden hunn".
D'Ruth Mottram a sechs weider Wëssenschaftler hunn an hirem Artikel vun enger "Grönlandiséierung vun der Antarktis" geschwat. D'Auswäertung vu Satellittendaten an d'Ënnersichung vu Klimamodeller hu gewisen, dass d'Kryosphär, also d'gefruere Waassermasse, d'Antarktis méi staark beaflosst gi wéi bis ewell ugeholl, änlech wéi dëst a Grönland de Fall ass.
Sollt d'grönlännesche Äiscouche komplett schmëlzen, géif de Mieresspigel dem DMI no ëm ronn siwe Meter an d'Luucht goen. Wann dann och d'antarktescht Äis ganz schmëlzt, kéint de Mieresspigel deemno iwwer 50 Meter klammen.