Eng organiséiert Band ass fir de Vol vun zéngdausenden Handye responsabel, déi se a China geschéckt hunn.

Et war déi gréisste brittesch Aktioun géint de Vol vu Smartphonen. D'Londoner Metropolitan Police huet eng presuméiert Schmugglerband zerschloen. Dausenden Apparater konnte confisquéiert an eng Rei Leit verhaft ginn. D'Persoune gi verdächtegt, an de leschten 12 Méint bis zu 40.000 Handyen aus dem Vereenegte Kinnekräich a China bruecht ze hunn. Dat wiere ronn 40 Prozent vun allen Apparater, déi am selwechten Zäitraum zu London geklaut goufen.

An de leschte Jore huet sech d'Zuel vun de geklaute Smartphonen zu London verdräifacht. De Schlag géint déi kriminell Band wier d'Resultat vun Ermëttlungen, déi schonn am leschten Dezember ugefaangen haten, seet Scotland Yard. An enger Lagerhal an der Géigend vum Flughafen Heathrow wier e Pak mat ronn dausend iPhone fonnt ginn. Déi Apparater sollten deemno op Hongkong geschéckt ginn. Bal all d'Telefone ware geklaut, an doduerch war d'Operation Echosteep entstanen. Laut BBC hat eng Persoun hiren Apparat dohinner kënnen zréckverfollegen.

Besonnesch d'Telefone vun Apple waren am Viséier vun de Kriminellen. All Stroossendéif hätt fir all geklauten Handy bis zu 300 Pond kritt, heescht et vun den Autoritéiten. Wat a China mat den Apparater passéiere sollt, ass net gewosst.