Dëst ass eng “Charity Tour” fir kriibskranke Kanner eng kleng Freed ze maachen.
Wéi e Sonndeg de Rallye “On a good Ride” zu Mamer beim Schlass gestart ass, goung et net ëm Vitess, mee wierklech just ëm eng gutt Saach.
“Drive for Miles Asbl” steet hannert där Aktioun. Hire President Guy Flener erkläert: “Drive for Miles ass eng Asbl hei zu Lëtzebuerg, wou mir als But hunn, kriibskrank Kanner an d’Autoen ze sëtzen, a mat hinnen de ganzen Dag ënnerwee ze sinn, mat hinnen iessen ze goen, sou dass si deen Dag hire Kriibs kënne vergiessen.”
An et war ee mat “Drive for Miles” scho vill an Europa ënnerwee, fir kriibskranke Kanner en onvergiesslechen Dag ze erméiglechen u Bord vun engem Draam-Auto.
“Mir waren zu Paräis e puer Mol, zu Bréissel Events gemaach, zu Bonn, Dienslaken an Däitschland a mir haten och een Event zu Athen. Wou mir mat e puer Autoen dorower gefuer sinn, an dat war dee gréissten Event, dee mir bis elo haten.”
Elo dëse Weekend dann zu Lëtzebuerg. D’Annick Paquay huet de Programm koordinéiert:
“Die Gemeinde hat das ganze Zentrum zugemacht, weil da kommen dieses Mal 42 Kinder minimum. Wir haben Oldtimer, Sportwagen, Motorräder, und einen Oldtimerbus mit dabei. Dann werden die Kinder von Mamer bis nach Colmar-Berg gefahren, weil GoodYear empfängt uns da, um mit uns über die Strecke zu rutschen sag ich mal, weil wir ganz langsam fahren, also ein super Empfang.”
Vun do aus goung den Ausflug dann duerch den Dall vun de siwe Schlässer, wou d’Kanner e klenge Quiz erwaart, an zu Stroossen gouf sech gestäerkt.