E Lëtzebuerger an der Finall vun de World Smart City Awards
D’World Smart City Awards sinn vum 4. Bis de 6. November zu Barcelona.
Et ass ee vun de renomméiertste Präisser, wann et drëms geet, wéi d‘Stad vu muer soll ausgesinn. De World Smart City Award gëtt all Joer zu Barcelona verginn an dëst Joer ass ënnert den dräi Finalisten och eng Entreprise aus Lëtzebuerg. De Steven Macado ass de Kapp hannendrun.
Säin Zil: Hie wëll de Leit hiren Alldag duerch d’Hëllef vum Internet vereinfachen. Dofir huet de geléierten Informatiker eng Plattform entwéckelt, wouropper een all méiglech Informatioune ka fannen. Wéi zum Beispill kann een de Stroum- an thermeschen Energieverbrauch vun ëffentlechen Gebaier zentraliséiert ofliesen. Domadder brauch et net eng Eenzelpersoun fir all Gebai, mä et gesäit een direkt am System, falls eng Heizung zum Beispill ausgefall ass. Da kann ee reagéieren an en Expert dohinner schécken.
Ganz besonnesch houfreg ass hien op säin Héichwaasserwarnsystem. Fir d‘Héichwaasseraläerte spille virun allem e puer Wäerter zesummen. Enregistréiert eng Meteosstatioun, dass et staark reent, schéckt déi Informatiounen automatesch un d‘Moossstatioune beim Waasser, dass am Minuttentakt d‘Héicht gemooss soll ginn. Déi Statioune schécken dann all déi gefroten a gebrauchten Informatiounen op eng Plattform, op där een op dës Daten an Echtzäit kann zréckgräifen an am schlëmmste Fall kann agräifen.
D‘Iddi mam Héichwaasseralarmsystem ass net nei. Nom Joerhonnerthéichwaasser 2021 war et d‘Gemeng Hesper, déi un hien erugetrueden ass, fir eng Léisung ze fannen, déi preventiv schafft. A mat dëser Iddi ass hien tëscht 500 Participanten ënnert déi dräi lescht Finalisten zu Barcelona komm.