Eemol de Mount gëtt den Openthaltsraum vun der Maison des ainées zu Wolz an een Danzstudio verwandelt.

Da kommen Trainer aus der Géigend a studéieren eng Choreographie mat de Bewunner an. Ee Projet, deen d’Generatioune verbënnt mat Hëllef vu Musek. All Kéiers gëtt et eng nei Choreographie. Ee vun den Trainer ass de Pol Schmitz: "Meng Motivatioun heihinner ze kommen, ass quasi d’Freed vun de Leit ze gesinn, wa si hei sinn. A si froen och ëmmer: 'Jo wéini kommt der rëm?' Et ass schéin esou hir Freed an hir Begeeschterung ze gesinn an och wa si nei Schrëtt léieren, sinn ëmmer wierklech motivéiert a frou Neies ze gesinn."

Hien danzt zanter 2012 a mécht zanter dräi Joer beim Projet mat. D'Initiativ ass vum Servior Geenzebléi ausgaangen. Zanterdeem gëtt all puer Wochen zesumme gedanzt. Déi gréissten Erausfuerderung fir d'Danztrainer dobäi ass fir ëmmer nei Beweegungen ze fannen, déi een am Sëtze ka maachen. Esou kann nämlech och jidderee mat danzen. Dës Kéier ass op dem Udo Jürgens säi Lidd "Aber bitte mit Sahne" gedanzt ginn. Mat dobäi ass dës Kéier och d'Valentine Henquinet. Et ass déi éischte Kéier, dass déi 17 Joer al Dänzerin mat dobäi ass.

"Ech si mega opgereegt, mee ech hu scho puer Gesichter erkannt well mir ëmmer am Junior ee klengen Optrëtt hei hunn vun der Danzschoul. Ech kennen der puer, dofir ass et ok. An och mam Pol ass dat ganz an der Rei", esou d’Valentine Henquinet. Dofir soll hatt den Oflaf kenneléieren an an Zukunft och mol selwer Kueren als Trainerin halen.