Serie "Hashtag History"Wat huet Schottland mat der Grënnung vun der Luxair ze dinn a wat mécht eng modern Airline aus?

Frank Grotz
An dëser Episod vun "Hashtag History" kucke mer op d'Urspréng an d'Entwécklung vun der nationaler Fluchgesellschaft zeréck.
Serie Hashtag History: D'Geschicht vun der Luxair
E Bléck an d’Geschicht vun eiser nationaler Fluchgesellschaft.

D’Luxair ënnerhëlt den 31. Mäerz 1962 hiren éischte Vol mat enger Fokker 27 Friendship vum Findel op de Paräisser Fluchhafe Le Bourget. Mä den Ursprong vun der nationaler Fluchgesellschaft geet bis an d’Joer 1948 zeréck. Deemools gouf mat Hëllef vun enger schottescher Entreprise d’Luxembourg Airlines Company gegrënnt.

Mam Daniel Colling, haitegen Direkter vun den Operatioune bei der Luxair a selwer zënter iwwer 30 Joer Pilot, kucke mer op déi beweegten a villsäiteg Geschicht vun der Airline zeréck. Vum éischte Jet bei der Luxair, iwwer den trageschen Accident vun 2002 bis op déi neisten Uschafungen, gesi mir, wat fir eng Momenter d’Firma an d’Lëtzebuerger Aviatioun am Allgemenge gepräägt hunn.


Weider Deeler aus eiser Serie

Back to Top
CIM LOGO