SummerzäitAss d'Zäitëmstellung nach sënnvoll?

Ryck Thill
An der Nuecht op e Sonndeg goufen d'Aueren eng Stonn no vir geréckelt. Dës Zäitëmstellung geet op Krisenzäiten zeréck, si gouf am Éischten an am Zweete Weltkrich agefouert an duerno nees ofgeschaaft.
Summerzäit: Ass d'Zäitëmstellung nach sënnvoll?
An der Nuecht op e Sonndeg goufen d’Aueren eng Stonn no vir geréckelt.

An de 70er Joren, wärend der Pëtrolskris, gouf se europawäit nees applizéiert. Zanterhier gëtt vill driwwer diskutéiert: ass d’Zäitëmstellung haut nach sënnvoll?

D’Iddi hannert der Zäitëmstellung ass einfach: Owes bleift et méi laang hell, mir mussen d’Luuchten net umaachen a kënnen esou Stroum spueren. Dësen Notzen ass awer haut ëmstridden: Etuden hu gewisen, datt mat der Summerzäit kaum Energie agespuert gëtt. Trotzdeem bleift et bei der Zäitëmstellung.

D’EU-Kommissioun ënnert dem Jean-Claude Juncker hat 2018 eng Ëmfro lancéiert. 4,6 Millioune Bierger hunn un dësem Sondage deelgeholl a sech mat eng klorer Majoritéit vu 84 Prozent géint eng Summerzäit ausgeschwat. 2019 huet d’EU-Parlament ofgestëmmt an decidéiert, datt 2021 d’Aueren eng leschte Kéier sollen ëmgestallt ginn.

De Problem ass awer, datt eenzel Länner aus ënnerschiddleche Grënn net wëlle matzéien. Bis haut gouf awer keng gemeinsam Léisung fonnt, d’Meenunge ginn auserneen. Am Norde gëtt éischter eng permanent Wanterzäit favoriséiert. Am Süden si laang, hell Summerowenter wirtschaftlech interessant, well zum Beispill d’Terrasse méi laang kënnen opbleiwen. Esou laang d’Memberstaate sech net eens sinn, wäert et wuel bei der Summer- a Wanterzäit bleiwen. Eng gemeinsam Léisung ass wichteg, fir Chaos mat verschiddenen Zäiten tëscht Nopeschlänner ze verhënneren.

Back to Top
CIM LOGO