De Park, deen zu Riad steet, wäert den Numm "Beast Land" droen an huet Spiller, déi un de Videoe vum Influencer inspiréiert sinn.

Bis de 27. Dezember kënnen d'Fans vum Youtuber MrBeast an der saudi-arabescher Haaptstad novollzéien, wéi ee sech villt, wann ee bei enger Beast-Challenge matmécht. En Donneschdeg gouf do nämlech "Beast Land" a Presenz vum "Jimmy" Donaldson opgemaach. De Mr. Beast huet 450 Millioune Follower op Youtube. Méi, wéi iergendeen aneren.

"Beast Land" ass e Projet am Kader vu "Riyadh Season", e festival datt all Joer an der saudi-arabescher Haaptstad ass. Zil vum Festival ass et, Saudi-Arabien als Destinatioun fir Touristen ze etabléieren.

RTL

© Foto von FAYEZ NURELDINE / AFP

"Dat ass dat Verrécktst, wat ech jee gemaach hunn," esou de MrBeast an engem Video, deen zu Riad gedréit gouf. Am Agang vum Fräizäitpark ass e grousse bloen Tigerkapp ze gesinn, dee un de Logo vum MrBeast sengem Youtube-Kanal erënnert. Am "Beast Land" kënnen d'Visiteure Erausfuerderunge meeschteren, déi dem Parcours ganz änlech sinn. Genau esou sinn och vill Spiller an de Videoe vum erfollegräichen Influencer ze gesinn. A senge Videoe kënnen d'Participante reegelméisseg grouss Geldzomme gewannen.

"Wa mer Saache maachen, maache mer dat heefeg am Westen." Hei wollt den James Stephen Donaldson, wéi de MrBeast richteg heescht, eppes "Groussaarteges fir d'Fans maachen, déi hei liewen". A Saudi-Arabien sinn iwwer 75 Prozent vun der Populatioun ënner 35 Joer al. Domat ass d'Land den ideale Standuert fir de Fräizäitpark vum Youtuber, deem säi Kanal haaptsächlech vu Kanner a jonken Erwuessene konsuméiert gëtt.

Am Joer 2023 gouf de Mr.Beast vun der New York Times zum aflossräichste Mënsch vun der Welt gekiert. Am selwe Joer huet Forbes säi Verméigen op ronn eng hallef Milliard Dollar geschat.