Den 20. November ass den Unesco-Weltphilosophiedag [1]. Dëst Joer mat der Fro, wéi eng Wäerter déi zukünfteg Gesellschafte sollen hunn.

Dag vun der Weltphilosophie / Umierkunge vum Jean-Luc Thill

Vill Leit soen: Et ginn ze vill Gedenkdeeg, nach en Dag, nach en Thema. Awer vläicht ass grad dësen Dag eng Chance, fir mol eng Fro ze stellen, där mer léiwer aus de Féiss ginn: A wat fir enger Welt wëlle mer eigentlech liewen?

Mir liewen an engem Land ouni Bommegaass, ouni Panzer virun der Dier. Op dem Pabeier hu mer Fridden. An awer: Konflikter um Ecran; Leit, déi flüchten; Präisser, déi klammen; eng Klimakris ouni Grenz. Och bei eis d'Gefill, datt eppes auserneen drift.

Philosophie stoppt dat net, mee si freet no de Wäerter hannendrun. De Weltphilosophiedag 2025 stellt d'Ongläichheet an de Mëttelpunkt an e Konzept, dat "Limitarianismus" [2] heescht: D'Iddi, datt et net nëmme Mindeststandarden no ënnen, mee och moralesch Grenzen no uewe misste ginn. Wéi vill ass genuch? Wéini gëtt Räichtum zu enger Muecht, déi d'Demokratie auserneendréckt? A wéi eng Zukunft baue mer, wa sech der e puer ëmmer méi breet maachen an anerer de Rimm ëmmer méi enk mussen zéien?

De Weltphilosophiedag ass dofir keng Feier fir e puer Intellektueller, mee eng Invitatioun un eis all: haut eng Kéier den Autoplay aus ze maachen, d'Scrollen ze stoppen an einfach mol nozedenken. Vläicht ass genee dat de klengen Ufank vun engem Fridden, an deem net nëmme Waffe rouen, mee och d’Binnette voller groer Zellen nees erwächen.

1 https://www.unesco.org/en/articles/world-philosophy-day-2025?hub=68184
2 https://www.uu.nl/en/in-the-media/what-is-limitarianism-professor-ingrid-robeyns-explains