En Dënschdeg war eng saudi-arabesch Delegatioun beim US-President Trump op Besuch am Wäissen Haus zu Washington. Mat dobäi och de Cristiano Ronaldo.

No der Visitt vum Cristiano Ronaldo am Wäissen Haus huet den Donald Trump de Futtballer an héijen Téin gelueft. Hie wier e "gudde Kärel", schreift den Trump a grousse Buschtawen op Instagram. Dobäi post hien e Video, deen offensichtlech mat KI generéiert gouf, op deem déi zwee beim Futtballspillen am Wäissen Haus ze gesi solle sinn - bis d'Kamera no engem gemeinsame Schoss vun deenen zwee futti geet.

En anere Video vum Wäissen Haus, op deem déi zwee ze gesi sinn, hat als Iwwerschrëft "Two GOATS", also "Zwou Gréisste vun allen Zäiten". Och hei schéngen den US-President an de Futtballer sech immens z'ameséieren, wärend si duerch d'Presidentegalerie ginn. Hei hänken all d'Portraite vu fréieren US-Presidenten - ausser dee vum Trump sengem Virgänger, dem Joe Biden, deen den Trump erofhuele gelooss huet.

Bei der Visitt huet de Cristiano Ronaldo awer net just den Donald Trump getraff, mä och säi Bouf, den 19 Joer ale Barron, duerft de portugisesche Star kenneléieren. Dem Trump no wier säi Bouf e "grousse Fan" vum 40 Joer alen Offensivspiller vun Al-Nassr. "De Barron duerft hien treffen. An ech mengen, hie respektéiert säi Papp elo e bësse méi, eleng schonn dowéinst, well ech Iech him virgestallt hunn", sou den Trump viru Journalisten a Richtung vum Ronaldo.