Jonk Leit kënnen alles erreechen, wat se sech an de Kapp setzen - dat op d'mannst huet de 16 Joer alen Anton Fedorov gewisen, wou hien de 24. Juli de Sommet vum Mont Blanc erreecht huet, an domat de jéngste Lëtzebuerger gouf, deem dat jee gelongen ass.
De Mont Blanc ass den héchste Bierg an den Alpen an a West-Europa, mat enger Héicht vu 4.805 Meter iwwert dem Mieresspigel. D'Gebitt op der Grenz tëscht Frankräich an Italien ass weltwäit bekannt fir seng beandrockend Landschaft, verschneite Biergspëtzten a Gletscher.
De Mont Blanc eropzeklammen, ass kee Spadséiergang - net just d'Héichtemeter, ma och dat onberechenbaart Wieder an de schwéieren Terrain maachen eng grëndlech Preparatioun absolutt néideg. Wärend et deene meeschten duergeet, dem Bierg seng Schéinheet vu wäitem ze bewonneren, huet den Anton de Bierg als Erausfuerderung gesinn. Scho mat 14 Joer hat hien et sech an de Kapp gesat, de Bierg eropzeklammen. Hie war dacks mat senger Mamm zu Chamonix, wou hien d'Alpinisteféiwer gepaakt huet.
Ma ier si hir Rees konnten untrieden, hu si sech misste preparéieren. Den Anton a seng Mamm, d'Irina Fedorova, hunn ee ganz Joer domat verbruecht, ze trainéieren an Apliniste-Coursen ze huelen. Iwwer zwee Méint hu si véier bis fënnef mol d'Woch intensiv trainéiert.
Mat 16 Joer war et net evident, den Training mat der Schoul, Prüfungen a Privatliewen ënnert een Hutt ze kréien. E gudden Deel vun der intensiivster Trainingsphas ass an dem Anton seng Prüfungszäit gefall. Hien huet privat Events pauséiert, fir säin zil ze erreechen.
Ma déi haart Aarbecht huet sech schlussendlech bezuelt gemaach. Zesumme mat senger Mamm an hirem Guide, dem Vladimir Blousov, hu si sech Moies ëm 4:30 Auer op de Wee gemaach, fir de Mont Blanc eropzeklammen. 9 Stonnen an 30 Minutte laang war de Grupp op dësem éischten Dag ënnerwee.
De Sommet ze erreechen, ass an esou engem jonken Alter eng staark Leeschtung - déi meescht Leit hu jorelaang Erfarung, ier se esou ee Sommet attackéieren. Den Anton erënnert sech drun, dat déi meescht Alpiniste ronderëm hien Erwuessener waren, an enger Altersspaan vun den 20er bis an d'50er. Ënnerwee gouf hien dacks no sengem Alter gefrot.
Virun allem de sougenannten "Summit Push", eng 150 vertikal Meter virum Sommet, wat een Test fir de jonken Alpinist. De ganzen zweeten Dag vum Hike hätt hien als onheemlech schwéier empfonnt, mat ville Momenter vun der falscher Hoffnung. Op d'Fro, wat hie motivéiert huet, huet den Anton seng Mamm genannt. Si wier net just seng Haapt-Motivatioun, ma och säi gréisste Supporter, an hie géif si gären houfereg maachen.