Saharastëbs an der AtmosphärAn der Nuecht op e Samschdeg ass am Fall vu Reen och sougenannte "Bluttreen" méiglech

RTL Lëtzebuerg
Et ass e Wiederphenomen, dat grujeleg kléngt, awer u sech zimmlech ongeféierlech ass.
Sougenannte “Bluttreen” entsteet, wa sech normale Reen mat Stëbspartikelen aus der Sahara vermëscht.
© MARIJAN MURAT/dpa Picture-Alliance via AFP

Rieds geet vum sougenannte “Bluttreen”, also Reen, dee sech mat Stëbspartikelen aus der Sahara vermëscht. An deene leschten Deeg huet sech dëse Saharastëbs jo op de Wee a Richtung Mëtteleuropa gemaach an dowéinst stellt sech d’Fro: Ass dëse Weekend mat Bluttreen iwwer Lëtzebuerg ze rechnen?

Jo, falls et wärend der Nuecht vu Freideg op e Samschdeg liicht reent, erkläert eis Meteolux op Nofro hin. Dat well eng gewësse Konzentratioun u Saharastëbs an der Atmosphär present ass, sou Meteolux weider. Fir de Rescht vum Weekend wier awer näischt méi virgesinn.

Wou a Mëtteleuropa wéini mat wéi vill Saharastëbs an der Atmosphär ze rechnen ass, kënnt Dir hei um Site vu Copernicus am A behalen.

Liest dozou och dësen Artikel:

Back to Top
CIM LOGO