Netflix refuséiert méi héich OfferParamount wäert wuel Warner Bros. kafe fir ronn 110 Milliarden Dollar

AFP, iwwersat vun RTL
An der Lutte ëm déi héchsten Offer fir Warner Bros. Discovery z'iwwerhuelen, ass Netflix déi lescht Propose vu Paramount Skydance net méi matgaangen.
Eng riseg Fusioun steet un an der US-amerikanescher Mediewelt
Eng riseg Fusioun steet un an der US-amerikanescher Mediewelt
© ROBYN BECK/AFP

Wéi et ausgesäit, wäert Paramount Skydance fir ronn 110 Milliarden Dollar Warner Bros. Discovery opkafen. D’Cheffe vun Netflix hu matgedeelt, dass déi neisten Offer vu Paramount hirer iwwerleeë wier a si déi net méi wéilte matgoen. De Kaf vun der ikonescher Mark Warner Bros. wier domat finanziell net méi attraktiv gewiescht. Eng Fusioun wier ëmmer en “Nice to have”, awer kee “Must have” gewiescht, sou déi Responsabel vun Netflix weider.

Warner Bros. Discovery hätten eigentlech léiwer gehat, si géinge vun der Streamingplattform iwwerholl ginn an haten dowéinst Netflix véier Deeg accordéiert, fir sech d’Saach z’iwwerleeën an nozezéien. Ouni Géigenoffer si WBD elo berechtegt, de prinzipiellen Accord vun enger Fusioun mat Netflix ze kënnegen. Paramount Skydance hate ronn 110 Milliarden Dollar gebueden, wat ronn 31 Dollar pro Aktie duerstellt. Déi lescht Offer vun Netflix hat bei 83 Milliarden Dollar geleeën.

Paramount wëllt dee ganze Grupp kafen, inklusiv Tëleeschaînë wéi zum Beispill CNN. Netflix wollt dogéint just d’Filmgeschäft an de Streamingdéngscht HBO hunn. Den 20. Mäerz sollen d’Aktionäre vu Warner Bros. op enger ausseruerdentlecher Haaptversammlung decidéieren, wéi et an Zukunft soll weidergoen. De facto wäert déi Ofstëmmung hifälleg sinn.

De Kampf ëm déi bekannt Medienentreprise huet och eng politesch Dimensioun. Den Netflix-Matgrënner Reed Hastings gëllt an den USA als ee vun de gréisste Spender vun den Demokraten. De Paramount-Chef David Ellison a säi Papp Larry Ellison, Chef vun der Softwarefirma Oracle, sinn dogéint grouss Ënnerstëtzer vum Donald Trump.

Back to Top
CIM LOGO