Urteeler am Bommeleeër-bis-ProzessFréiere Police-Generaldirekter gouf verurteelt

RTL Lëtzebuerg
Den Ugeklote gouf reprochéiert, wärend dem éischte Prozess Falschaussoe gemaach ze hunn.
En Donneschdeg nodeems d'Urteel am Bommeleeër-bis-Prozess um Stater Geriicht geschwat gouf.
D’Geriicht an der Stad.
© Monica Camposeo

De fréiere Kommandant vun der Brigade Mobile Pierre Reuland gouf en Donneschdeg Nomëtteg um Stater Geriicht zu dräi Joer Prisong mat integralem Sursis an enger Geldstrof vu 5.000 Euro verurteelt. D’Gendaarmen Armand Schockweiler, Guy Stebens, Marcel Weydert, sou wéi och den Offizéier Aloyse Harpes an de fréieren Enquêteur vun der Sûreté publique Guillaume Büchler goufe fräigesprach. D’Fuerderung vun de Partie civillen Marc Scheer a Jos Wilmes fir Schuedensersatz goufen net zréckbehalen.

Domat blouf d’Geriicht hannert de Prisongsstrofe vun tëscht 18 Méint a fënnef Joer zréck, déi de Parquet gefrot hat. Just fir de Marcel Weydert war hei e Fräisproch envisagéiert ginn. Ma dass mat deem Urteel kee Schlussstréch ënnert d’Bommeleeër-bis-Affär wäert kënne gezu ginn, gouf schonn direkt nom Urteel kloer. “Mir maachen absolut Appell, an da riskéiere mer eis jo erëm alleguerten erëmzegesinn, well de Parquet wäert jo dann Appell fir déi aner maachen”, huet den Affekot vum Pierre Reuland, de Roland Assa ënnerstrach. Natierlech wier dat Schued fir déi aner, déi acquittéiert goufen, déi da missten nach eng Kéier kommen. Iwwert d’Urteel ass den Affekot dann awer net sou ganz iwwerrascht. Et wier ee scho vu vireran iwwerzeegt dovunner gewiescht, dass e “Bauerenaffer” gebraucht gi wier. No der Instruktioun vu 40 Joer wier ze erwaarde gewiescht, dass et net einfach géing heeschen “ausser Spesen nix gewesen”.

D’Affekote Maximilien Lehnen an Thierry Hirsch, déi d’Partie civille Marc Scheer a Jos Wilmes am Prozess vertrueden hunn, waren enttäuscht iwwert d’Urteel. Si haten e Schuedenersatz vu jee 580.000 Euro fir hier Mandante gefrot. “Mir ware mat der Erwaardung an dee Prozess eragaangen, dass Scheer a Wilmes de Statut vum Affer och unerkannt kréien”, sot de Maximilien Lehnen. Zanter Joer géingen hier Clienten an der Warteschleife hänken, huet den Thierry Hirsch betount. E Mëttwoch wieren et op den Dag 13 Joer hier gewiescht, dass den Haapt-Prozess ugefaangen huet. En Enn wier ëmmer nach net a Siicht.

Zefridde waren dann natierlech d’Affekote vun den Ugekloten, déi fräigesprach goufen. De Georges Pierret, Affekot vum Guy Stebens, sot awer och traureg doriwwer ze sinn, wat säi Mandant déi lescht zwielef Joer matgemaach hätt. Fir d’éischt hätt hien all di Bommen-Attentater reprochéiert kritt, an dann nach Behënnerung vun der Justiz a Falschaussoen um Geriicht.

Am Prozess Enn zejoert goung et ëm presuméiert Falschaussoe wärend dem Bommeleeër-Prozess 2013/14. Deene sechs Ugeklote gouf vum Parquet deemools an och am aktuelle Prozess reprochéiert, net dat ze soen, wat se wéissten. Ënner anerem waren d’Aussoen deels widderspréchlech. Iwwerdeems sinn d’Enquêteuren dovunner ausgaangen, dass déi Ugekloten an hire Positioune méi hätte misse wëssen. Dat wat deemools geschitt wier, wier eng riseg Sauerei, hat d’Procurer d’état adjoint Enn 2025 gesot. D’Wourecht doriwwer wier der Justiz virenthale ginn.

E Réckbléck op d’Affär

D’Affekoten haten ënner anerem dohi plaidéiert, dass et sech deemools net ëm Falschaussoe gehandelt hätt, mee ëm falsch Erënnerungen, 30 Joer no de Faiten. Also 30 Joer no der Bommeleeër-Attentat-Serie, ëm déi et an dësem Prozess awer net direkt goung. Ma déi Haaptugekloten aus deem Prozess vun 2013/14 Marc Scheer a Jos Wilmes waren och am aktuelle Prozess present. Iwwerraschend si si um éischten Dag mat hiren Affekoten als Partie civile opgetrueden. Si hate Schuedenersatz gefrot.. Hir Affekoten hunn duergeluecht, dass et wéinst de presuméierte Falschaussoen nach net zu engem Urteel am Bommeleeër Prozess komm wier. 12 Joer géingen hir Mandanten elo op en Urteel waarden. Déi ganz Zäit iwwer wiere si an der Ëffentlechkeet ëmmer nach als Bommeleeër diskreditéiert ginn.

Am Prozess Enn zejoert waren d’Enquêteuren an de Parquet besonnesch ëm presuméiert Falschaussoe ronderëm en Evenement am Oktober 1985 beméit. Do gouf, wéi et emol vu bausse schéngt, eng Observatioun op de Grënner vun der Brigade mobile Ben Geiben vun haut op muer einfach fale gelooss. De Ben Geiben hat antëscht d’Gendarmerie verlooss an huet zäitweis als Verdächtege gegollt, fir eppes mat den Attentater ze dinn ze hunn. De Grond wisou d’Observatioun ouni Suitte blouf, bleift schleierhaft.

D’Majoritéit vun de Leit, déi an dësem Prozess viru Geriicht sëtzen, missten aus der Vue vun den Enquêteuren an dem Parquet kënne Kloerheet an déi Fro bréngen. Ma si hunn näischt gesot, wat dem Parquet als Erklärungen duergeet.

Den Affekot vum Pierre Reuland Roland Assa huet schonn ugekënnegt, géint d’Urteel an Appell ze goen.

Back to Top
CIM LOGO