
D’Mamm Grace Bell, déi de klenge Bëbee Hugo am Dezember per Cesarienne op d’Welt bruecht huet, gouf wéinst enger seelener Krankheet ouni Gebärmutter gebuer. D’Diagnos mam Mayer-Rokitansky-Küster-Hauser-Syndrom (MRKH) mat 16 Joer huet déi jonk Fra schockéiert, déi duerno geduecht huet, si kéint nimools selwer ee Kand op d’Welt bréngen. Ma duerch den Don vun enger verstuerwener Organspenderin ass genee dat awer fir d’Grace Bell méiglech ginn.
Laang haten d’Grace Bell an hire Partner Steve Powell dorop gehofft, d’Méiglechkeet op eng Gebärmuttertransplantatioun ze kréien. Tatsächlech koum dunn iergendwann den Uruff, op deen déi zwee esou laang gewaart haten: et wier eng Gebärmutter do, an eng Transplantatioun méiglech. D’Operatioun am Churchill Hospital zu Oxford huet 10 Stonne gedauert, an e puer Méint méi spéit konnt d’Koppel mat engem IVF-Traitement ufänken, ier schliisslech een Embryo an déi transplantéiert Gebärmutter agesat gouf. Net emol annerhallef Joer no der Transplantatioun koum dunn Enn lescht Joer ee gesond a montert Kand op d’Welt.
Der brittescher Zeitung “Guardian” géigeniwwer huet déi glécklech Mamm vun hirer Dankbarkeet vis-à-vis vun der verstuerwener Spenderin geschwat: “Et gi keng Wierder, fir menger Spenderin an hirer Famill genuch Merci ze soen. Hir Selbstlosegkeet géigeniwwer enger komplett friemer Persoun huet et mir méiglech gemaach, mäi Liewensdram, Mamm ze ginn, ze verwierklechen.”
Et ass warscheinlech déi éischte Kéier, datt a Groussbritannien ee Kand mat Hëllef vun der Gebärmutter vun enger verstuerwener Fra op d’Welt koum. An Europa goufe virdrun eréischt zwee esou Fäll gemellt. An deene meeschte Fäll ginn d’Gebärmuttere vu liewege Spenderinnen transplantéiert.
Dem “Guardian” no soll déi transplantéiert Gebärmutter nees erausgeholl ginn, wann d’Koppel hir Familljeplanung ofgeschloss huet. Esou bleift der Mamm erspuert, hiert Liewe laang staark Medikamenter huelen ze mussen, déi néideg sinn, fir datt de Kierper een transplantéiert Organ net ofstéisst.