SuchttherapieTherapie mat Kand: Eng Chance tëscht Sucht a Verantwortung

Anouk Siebenaler
Mat hirem "Eltere-Kand"-Projet wëll de Centre Thérapeutique Manternach verhënneren, dass Eltere sech vun hirem Kand trenne mussen, fir un hirer Sucht ze schaffen.

De CTM zu Manternach ass den eenzege Centre Thérapeutique, den toxikoman Elteren och mat hire Kanner ophëlt, therapéiert a bei Bedarf och substituéiert. Dacks si si fir hir Patienten domat déi lescht Chance virun engem Placement vun de Kanner.

"Ech hat zwou Méiglechkeeten: Prisong oder Sevrage an d’Kand halen"

D’Nikita* ass zanter 18 Méint zu Manternach. Wéi si schwanger ginn ass, huet si zanter 3 Joer op der Strooss gelieft a Crack a Kokain konsuméiert. Well si wéinst engem Delikt vun der Police gesicht gouf, krut si en Ultimatum gestallt: “Si hu mer zwee Choixe ginn: Entweder Prisong oder Sevrage an d'Kand ze halen.” Haut ass si frou, esou waakreg gerëselt ginn ze sinn.

Offiziell gëtt et den "Eltere-Kand"-Projet zanter 2022, ma och do virdrun huet de CTM scho schwanger Fraen an Elterendeeler mat Kand bei sech opgeholl. De Projet ass op volljäreg Elterendeeler ausgeriicht, deenen hir Kanner tëscht 0 a 4 Joer al sinn. Wéini si kommen a wéi laang si bleiwen, ass ganz individuell. D’Therapie ass op zwou Achsen opgebaut: Der Suchttherapie vum Elterendeel op der enger an der gemeinsamer Therapie mam Kand op der anerer Säit.

Et wier eng grouss Plus-value, dass d’Kanner bei hiren Eltere wunne kënnen, ma awer och e groussen Challenge, erkläert d’Psychotherapeutin Annick Hanck: “Et ass eng immens zousätzlech Belaaschtung fir an enger Therapie - wou ech souwisou massiv mat mir selwer konfrontéiert sinn, immens vill Energie brauch fir u mir selwer ze schaffen a Problemer ze wälzen - dann zousätzlech nach Opmierksamkeet ze hu fir mäi Kand. Fir mech ëm déi Besoinen ze këmmeren. Et ass effektiv immens schwiereg, déi Besoinen ze kombinéieren.” 

"Mam aktuelle Personal ass de Betreiungsopwand net ze stemmen"

An der Annexe wier theoretesch Plaz fir véier Elteren-Kand-Eenheeten, ma praktesch stéisst de Projet mam Betreiungsopwand scho laang u seng Grenzen. De Personalschlëssel erlaabt et beispillsweis net, d’Elterendeeler och nuets ze betreien, wat virun allem an der Ufankszäit essenziell wier, wéi den Direkter Andreas Krzykowski erkläert. Den Ament mussen se also driwwer nodenken, d’Offer vu 4 op 2 Better ze reduzéieren, obwuel d’Demande däitlech méi héich läit: “Mir sinn op engem Punkt, wou ee sech froe muss: Ass de Ministère bereet, de Pilotprojet weider ze féieren? Wa jo, da muss et mat anere Ressourcë sinn.“

*den Numm gouf vun der Redaktioun geännert

Back to Top
CIM LOGO