Science-FictionDe Musée vu "Star Wars"-Regisseur George Lucas mécht zu Los Angeles seng Dieren op

AFP, iwwersat vun RTL
Fir d'Fans vun der Kult-Saga "Star Wars" huet d'Waarden en Enn: De "Lucas Museum of Narrative Art" ass e Dënschden zu Los Angeles ageweit ginn.
© VALERIE MACON/AFP

Den George Lucas huet de Musée fir d'Konscht vum Geschichtenerzielen zesumme mat senger Fra, dem Mellody Hobson, gegrënnt. Déi éischt 100 Visiteure goufe bei der Entrée vum Musée, deen engem Raumschëff änelt, vun deenen zwee perséinlech begréisst.

Méi wéi 9.300 Quadratmeter mat méi wéi 1.300 Objeten

Ier se sech an d'Universum lancéiere konnten, sinn se nach virdru vun engem gielen "N-1-Sternjäger"-Raumschëff aus der éischter "Star Wars"-Folleg "Die dunkle Bedrohung" empfaange ginn. Op méi wéi 9.300 Quadratmeter ginn et iwwer 1.300 Objeten ze bestaunen, dorënner Requisitten, déi nach ni an der Ëffentlechkeet gewise goufen.

E Fan vun der Science-Fiction-Réi, den Eric Cheung, erzielt, datt hien direkt Member vun der Musée-Associatioun ginn ass a souguer eng Formatioun fir d'Visiteuren guidéieren ze kënnen, gemaach huet. Fir den Dag vun der Erëffnung hat hien e liichtend oranget Outfit ugedoen, passend mam Kampfhelm vun engem Sternjäger-Pilot. "All Konschtwierk erzielt eng Geschicht."

© VALERIE MACON/AFP

E "Tempel vun der Vollekskonscht"

De Musée geet wäit iwwer d'Filmrei eraus. De Lucas gesäit d'Gebai éischter als e "Tempel vun der Vollekskonscht". D'Sammlung ëmfaasst nieft Filmrequisitten aus dem George Lucas senger Sammlung och Illustratioune vum Norman Rockwell a Jessie Willcox Smith souwéi Wierker vum Frida Kahlo. A méi wéi 30 Ausstellungsraim si weiderhi Wierker vu Kënschtler wéi dem Banksy, Jacob Lawrence a Robert Colescott ze gesinn.

"Mir gefält, datt de Lucas seng Plattform notzt, fir aner Kënschtler zesummenzebréngen", sou d'Sandi Granados, wärend si am Musée-Shop e faarwegt Poster vum Darth Vader kaaft huet. "Et geet net nëmmen ëm hien. Hie benotzt säin Numm, fir dozou bäizedroen, lokal Kënschtler a grouss Nimm aus der Konschtwelt zesummenzebréngen."

Back to Top
CIM LOGO